Weider Victoire am Sprint fir de Jasper Philipsen

© AFP
En Dënschdeg goung et op der 4. Etapp vum Tour de France iwwer 182 flaach Kilometer vun Dax op Nogaro.
De Peloton wollt um Bord vun de Pyrenäen onbedéngt nach eemol, datt et zu engem Massesprint kënnt, well et huet ee kee richteg fortfuere gelooss. Wuel hate sech den Anthony Delaplace an de Benoit Cosnefroy ofgesat, haten awer ni méi wéi 1 Minutt Avance.
Um Enn koum et also nees zu engem Massesprint, wou sech op en Neits de Jasper Philipsen duerchsetze konnt. De Belsch gewënnt virum Caleb Ewan an dem Phil Bauhaus. Déi dräi Lëtzebuerger Alex Kirsch, Kevin Geniets a Bob Jungels sinn allen dräi mam Peloton iwwer d'Ligne d'Arrivée gefuer.
Duerch dës zweet Victoire hannerteneen huet de Jasper Philipsen elo och de Grénge Maillot vum beschte Sprinter.
Bannent de leschten zwee Kilometer gouf et iwwerdeems eng Partie Chutten.
Op RTL Tëlee an op RTL.lu kënnt Dir all d'Etappe vum Tour de France live suivéieren.
D'Klassement vun der Etapp
1 PHILIPSEN Jasper Alpecin-Deceuninck 4:25:28
2 EWAN Caleb Lotto Dstny 0:00
3 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious 0:00
4 COQUARD Bryan Cofidis 0:00
5 CAVENDISH Mark Astana Qazaqstan Team 0:00
6 VAN POPPEL Danny BORA - hansgrohe 0:00
7 KRISTOFF Alexander Uno-X Pro Cycling Team 0:00
8 MEZGEC Luka Team Jayco AlUla 0:00
9 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 0:00
10 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 0:00
...
44 KIRSCH Alex Lidl - Trek 0:00
81 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 0:00
93 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 0:00
De General
1 YATES Adam UAE Team Emirates 9:09:18
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 0:06
3 YATES Simon Team Jayco AlUla ,,
4 LAFAY Victor Cofidis 0:12
5 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 0:16
6 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:17
7 WOODS Michael Israel - Premier Tech 0:22
8 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe ,,
9 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers ,,
10 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek ,,