En Donneschdeg goung et op der 6. Etapp vum Tour de France iwwer 145 Kilometer vun Tarbes op Cauterets-Cambasque.

An engem spannenden Duell op de leschte Kilometer ass et de Slowen Tadej Pogacar, dee sech virum Dän Jonas Vingegaard konnt duerchsetzen, mat enger Avance vun 23 Sekonnen.
Drëtte gëtt den Norweger Johannessen op 1min22.

Am General ass de Vingegaard elo neie Leader a geet e Freideg mam Maillot Jaune un den Depart vun der 7. Etapp. Hien huet 25 Sekonne Virsprong op de Pogacar.

Tour de France : 6. Etapp (Resumé)
Victoire vum Tadej Pogacar, Jonas Vingegaard elo neie Leader am General.

Resumé vun der Etapp

Um 13.26 Auer ass d'Etapp offiziell lancéiert ginn, an 172 Coureuren haten den Depart geholl. Deemno gouf et vun e Mëttwoch op en Donneschdeg keen Abandon.

Et sollt net laang daueren, bis sech a Grupp vun 20 Leit vum Peloton ofgesat huet. An engem Tëschesprint konnt de Bryan Coquard sech virum Wout van Aert an dem Mathieu van der Poel duerchsetzen.

Déi 20 aus der Echappé sinn dann och esou an de Col d'Aspin eragefuer, e Bierg, dee schonn zanter 1910 gefuer gëtt. Net manner wéi 76 mol gouf dëse Col schonn an engem Tour de France eropgefuer.

Op dëser Etapp war et den Amerikaner Neilson Powless, deen als éischt iwwert de Sommet gefuer ass.

An der Descente war et de Mathieu van der Poel, deen attackéiert huet an den Tempo bestëmmt huet.

E Grupp vu 14 Coureure war awer nees beieneen, wéi et an de Col de Tourmalet gaangen ass, dat mat 4min30 Avance op de Peloton, dee vun Jumbo-Visma ugefouert gouf.

Am Tourmalet hu Julian Alaphilippe an James Shaw attackéiert, ouni sech awer wierklech ofsetzen ze kënnen. 10,5km virum Sommet goufe se nees agefaangen, ugefouert vum Van Aert. Deen Tempo konnt de Mathieu van der Poel net méi matgoen an ass aus dem Spëtzegrupp zeréckgefall.

Aus dem Peloton koum eng Attack vu Vingegaard a Pogacar, déi sech och ofsetze konnten an den Ecart op d'Spëtzt reduzéiere konnten. De Vingegaard ass deen Ament an de virtuelle Maillot jaune gefuer.

Den Norweger Tobias Hohannessen (Uni-X Pro) ass als Éischten iwwert de Sommet vum Tourmalet gefuer, woumat hien den éischten Norweger ass, deem dëst gelongen ass.

An der Descente sinn de Vingegaard an de Pogacar an de Spëtzegrupp bäigefuer. Wéi nach 27km ze fuere waren, bloufen 8 Coureure vir:

Michal Kwiatkowski (Ineos Grenadiers), James Shaw (EF Education-EasyPost), Ruben Guerreiro (Movistar), Tobias Halland Johannessen (Uno-X), Wout van Aert (Jumbo-Visma), Jonas Vingegaard (Jumbo-Visma), Tadej Pogacar (UAE Team Emirates), Neilson Powless (EF Education-EasyPost).

De Peloton ëm de Maillot Jaune hat deen Ament iwwer 2 Minutte Réckstand.

Et stoung du mam Cauterets-Cambasque nach e weidere Bierg um Programm, 16,2 Kilometer erop op eng Héicht vun 1.352 Meter.

Un der Spëtzt war et de Wout van Aert, deen den Tempo bestëmmt huet. Dëse krut dann och de Präis als "most combative rider" vun der Etapp. 8km virum Sommet hate se 2min36 Virsprong op de Grupp Maillot Jaune.

An de leschte 5,4km huet den Neilson Powless musse lassloossen, wéi de Van Aert vir nach emol ugezunn huet.
4,6km virun der Arrivée war et dunn d'Attack vun Vingegaard. Just de Pogacar konnt matgoen, iwwerdeem de Van Aert komplett agebrach ass. De Kwiatkowski ass nach emol un déi zwee Leader erukomm, awer net fir laang. Bei nach 3,7km si Vingegaard a Pogacar vir eleng fortgefuer, fir d'Etappevictoire ënnert sech auszemaachen.

2,8km virum Sommet huet de Pogacar kräfteg attackéiert a konnt de Vingegaard iwwerraschen a sech liicht ofsetzen.

Déi Attack souz, well de Vingegaard konnt net reagéieren a verléiert um Enn 23 Sekonnen op de Gewënner Pogacar.

RTL

Op RTL Tëlee an op RTL.lu kënnt Dir all d'Etappe vum Tour de France live suivéieren.

D'Klassement vun der Etapp

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 3:54:27
2 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:24
3 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Pro Cycling Team 1:22
4 GUERREIRO Ruben Movistar Team 2:06
5 SHAW James EF Education-EasyPost 2:15
6 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 2:39
7 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 2:39
8 YATES Simon Team Jayco AlUla 2:39
9 YATES Adam UAE Team Emirates 3:11
10 BARDET Romain Team dsm - firmenich 3:11
...
45 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 13:01
48 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 14:14
101 KIRSCH Alex Lidl Trek 30:52

De General

1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:00
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 0:25
3 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 1:34
4 YATES Simon Team Jayco AlUla 3:14
5 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 3:30
6 YATES Adam UAE Team Emirates 3:40
7 GAUDU David Groupama - FDJ 4:02
8 BARDET Romain Team dsm - firmenich 4:42
9 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers 4:42
10 KUSS Sepp Jumbo-Visma 5:28
...
33 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 28:53
43 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 43:25
110 KIRSCH Alex Lidl - Trek 1:22:26