E Freideg stoung eng Flaachetapp iwwer 170 Kilometer um Programm, mat der Arrivée zu Bordeaux. Net manner wéi 81 mol war hei schonn eng Arrivée.

D'Etapp gouf am Sprint decidéiert. Do hat de Mark Cavendish sech Hoffnungen op d'Victoire gemaach, ma kuerz virun der Arrivée konnt de Belsch Jasper Philipsen sech nach laanscht kämpfen an domat seng 3. Etappevictoire an dësem Tour feieren. En ass de leschte Kilometer mat enger Moyenne vun 69,1 km/h gefuer.

RTL

De Bob Jungels gëtt den 32ten, de Kevin Geniets de 87ten op 21 Sekonnen an den Alex Kirsch den 91ten op 23 Sekonnen.

Leader am General bleift de Jonas Vingegaard (Jumbo-Visma), 25 Sekonne virum Tadej Pogacar (UAE Team Emirates) an 1min34 virum Jai Hindley (BORA - hansgrohe).

Tour de France : 7. Etapp (Resumé)
De Jasper Philipsen (Alpecin-Deceuninck) ka seng 3. Etappevictoire feieren

Resumé vun der Etapp

Den offizielle Start fir déi flaachsten Etapp vun dësem Tour de France war um 13.24 Auer. Direkt hu sech Simon Guglielmi, Nelson Oliveira, Mathieu Burgeaudeau a Jonas Abrahamsen. No an no huet awer een nom aneren nees lassgelooss an de Guglielmi (Team Arkéa Samsic) war nach eleng un der Spëtzt.

De Peloton huet net dorop reagéiert an e fuere gelooss. Dem Guglielmi seng Avance ass op bal 6 Minutte geklommen, ma wéi nach 100km ze fuere waren, waren et der nach 3.

Am Peloton waren et Alpecin-Deceuninck a Lotto Dstny déi den Tempo diktéiert hunn.

82km virun der Arrivée war eng Sprintwäertung, bei där de Peloton e gudde Strapp méi no erukomm ass un den Ausräisser. Just nach 45 Sekonnen Avance waren et dunn.

Nom Sprint hunn de Pierre Latour (TotalEnergies) an de Nans Peters (AG2R-Citroën) sech aus dem Peloton dovu gemaach, fir de Simon Guglielmi afänken ze goen, an dann hiert Gléck ze probéieren. Si hu sech dunn zu 3 zesummegedoen, fir den Ecart op de Peloton nees wuessen ze doen. 60km virun der Arrivée war de Retard vum Peloton bei 1min20.

57km virun der Arrivée huet de Marc Cavendish säi Vëlo musse wiesselen.... nëmme 5km méi spéit huet och de Mathieu Van der Poel säin Aarbechtsgeschier getosch.

Knapp 40km virun der Arrivée stoung mat der Côte de Béguey nach eng kleng Kopp vun der 4. Kategorie um Programm. De Simon Gueglielmi huet hei iwwerdeem den Tempo un der Spëtzt net méi konnte matgoen a gouf nees vum Peloton agefaangen.

De Pierre Latour ass als éischt iwwert de Sommet gefuer a séchert sech e Punkt an der Biergwäertung. De Latour an de Peters hunn iwwerdeem weider Vollgas ginn an hu probéiert hir Avance nees auszebauen, dat och am Wëssen, dass de Wand op de leschte Kilometer ëmmer méi eng grouss Roll wäert spillen.

Ronn 20km virun der Arrivée huet och en Alex Kirsch sech méi no vir am Peloton geschafft, nodeems den Tempo dach zolidd ugezu gouf. Et gouf ëm Positiounen am Peloton gekämpft, wärend Latour a Peters hire Virsprong gesinn hu lues awer sécher zesumme schmëlzen (45 Sekonnen).

Alles huet drop higedeit, dass et wäert zu engem Massesprint zu Bordeaux kommen, e Sprint, un deem de Wout van Aert awer net wëlles hat deelzehuelen. Seng Virgab war et, sech op d'Etapp vum Samschdeg konzentréieren.

Wéi nach 10km ze fuere waren, haten déi zwee Fransousen un der Spëtzt just nach 27 Sekonne Virsprong. Obwuel de Simon Guglielmi näischt méi mat der Etappevictoire ze dinn hat, konnt hie sech awer iwwert d'Auszeechnung als "most combative rider" vum Dag freeën.

De Latour ass nach eleng an déi lescht 6km gaangen, ma och fir hie war kuerz dono Schluss mat sengem Flirt mat der Etappevictoire. Wéi d'Feld nees ganz zesumme war, ass den Tempo nach emol erausgeholl ginn.

Et koum zum erwaarte Massesprint, deen um Enn de Belsch Jasper Philipsen fir sech entscheede kann. An de leschte Meter krut hien de Mark Cavendish nach erëm.

Et ass dem Philipsen seng 3. Etappevictoire an dësem Tour de France. Schonn d'Etappen 3 a 4 huet hien a sengem Palmarès stoen.

Op RTL Tëlee an op RTL.lu kënnt Dir all d'Etappe vum Tour de France live suivéieren.

D'Klassement vun der Etapp

1 PHILIPSEN Jasper Alpecin-Deceuninck 3:46:28
2 CAVENDISH Mark Astana Qazaqstan Team 0:00
3 GIRMAY Biniam Intermarché - Circus - Wanty 0:00
4 MOZZATO Luca Team Arkéa Samsic 0:00
5 GROENEWEGEN Dylan Team Jayco AlUla 0:00
6 MEEUS Jordi BORA - hansgrohe 0:00
7 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious 0:00
8 COQUARD Bryan Cofidis 0:00
9 KRISTOFF Alexander Uno-X Pro Cycling Team 0:00
10 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 0:00
...

32 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 0:00
87 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 0:21
91 KIRSCH Alex Lidl - Trek 0:23

De General

1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:00
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 0:25
3 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 1:34
4 YATES Simon Team Jayco AlUla 3:14
5 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 3:30
6 YATES Adam UAE Team Emirates 3:40
7 GAUDU David Groupama - FDJ 4:03
8 BARDET Romain Team dsm - firmenich 4:43
9 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers 4:43
10 KUSS Sepp Jumbo-Visma 5:28
...
36 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 28:53
51 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 43:25
121 KIRSCH Alex Lidl - Trek 1:22:47