De Kanadier ass am leschte Kilometer laanscht de Matteo Jorgenson gefuer, dee virdru ronn 48 Kilometer eleng un der Spëtzt war.

De Michael Woods huet sech an der leschter Montée Meter u Meter un de Jorgenson erugekämpft a sech op de leschte 500 Meter laanscht den Amerikaner geschafft.

Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Pierre Latour (TotalEnergies) mat engem Retard vun 28 Sekonnen an de Matej Mohoric (Bahrain - Victorious) mat engem Réckstand vun 35 Sekonne gefuer.

De Jorgenson, dee sech ronn 48 virun der Arrivée vun der Echappée ofgesat hat an eleng un der Spëtzt gefuer ass, gouf de 4..

De Peloton huet et um Sonndeg am Ufank méi roueg ugoe gelooss. Réischt an der Schlussmontée gouf den Tempo erhéicht. Den Tadej Pogacar huet an de leschte Kilometer attackéiert a konnt eng kleng Avance vun 8 Sekonnen op de Vingegaard erausfueren. Den Dän bleift awer am Maillot jaune.

De Bob Jungels an de Kevin Geniets si mat engem Retard vu knapp 20 Minutten op de Plazen 44 an 52 iwwer d'Arrivée gefuer. Den Alex Kirsch hat op der 113. Plaz e Réckstand vu 27 Minutten an 49 Sekonnen.

Resumé vun der Etapp

Um Wee op de Vulkan Puy de Dôme stoungen hiwweleg 182,4 Kilometer um Programm. 14 Coureuren hu sech vun Ufank un ofgesat an de groussen Deel vun der Etapp gepräägt. An där Echappée hu ganz grouss Nimm gefeelt, dobäi waren awer ënner anerem de Matej Mohoric (Bahrain - Victorious), de Victor Campenaerts (Lotto Dstny) oder de Matteo Jorgenson (Movistar Team).

D'Ausräisser hunn de Virsprong op de Peloton mat de Favoritten zimmlech séier op iwwer 10 Minutten ausgebaut an et war virauszegesinn, datt de Vainqueur vun der Course aus der Echappée géing kommen. Ronn 48 Kilometer virun der Arrivée huet sech de Matteo Jorgenson ofgesat, well d'Entente an der Echappée net méi esou gutt war. De Grupp ass explodéiert a virun der Schlussmontée ware just nach 3 Coureure mat engem klenge Retard hannert dem Jorgenson.

D'Entscheedung sollt dann och op de leschten 13 Kilometer falen. De Michael Woods huet sech lues awer sécher aus den hënneschte Positioune no vir geschafft. De Jorgenson huet seng Avance an enger éischter Phas ausgebaut. Him ass an de leschten 2 Kilometer awer d'Loft ausgaangen. Hannert dem Woods hu sech och de Latour an de Mohoric nach laanscht de Jorgenson geschafft.

Am Peloton huet de Pogacar attackéiert, konnt sech vum Vingegaard ofsetzen a säi Retard op den Dän verkierzen.

D'Klassement vun der Etapp

1 WOODS Michael Israel - Premier Tech 4:19:41
2 LATOUR Pierre TotalEnergies +0:28
3 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious +0:35
4 JORGENSON Matteo Movistar Team +0:35
5 BERTHET Clément AG2R Citroën Team +0:55
6 POWLESS Neilson EF Education-EasyPost +1:23
7 LUTSENKO Alexey Astana Qazaqstan Team +1:39
8 GREGAARD Jonas Uno-X Pro Cycling Team +1:58
9 BURGAUDEAU Mathieu TotalEnergies +2:16
10 DE LA CRUZ David Astana Qazaqstan Team +2:34
...
44 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +19:56
52 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
113 KIRSCH Alex Lidl - Trek +27:49

De General

1 VINGEGAARD Jonas TJV 38:37:46
2 POGAČAR Tadej UAD +0:17
3 HINDLEY Jai BOH +2:40
4 RODRÍGUEZ Carlos IGD +4:22
5 YATES Adam UAD +4:39
6 YATES Simon JAY +4:44
7 PIDCOCK Thomas IGD +5:26
8 GAUDU David GFC +6:01
9 KUSS Sepp TJV +6:45
10 BARDET Romain DSM +6:58
...
35 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +40:22
46 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +54:54
115 KIRSCH Alex Lidl - Trek +1:42:56