Vingegaard géint Pogačar
Am Tour de France war haut Roudag ier et da muer iwwer 167 wallonéiert Kilometer vu Vulcania op Issoire geet.
Deen hunn Coureuren no dëser 1. Woch och gebraucht well déi war richteg intensiv. Et goung frei a Pyrenäen wou ënnert anerem de Col du Soudet, den Tourmalet an de Puy de Dome um Programm stoungen.... Keng Zäit also fir sech ofzetaaschten an et konnt een och gespaant si wéi Favoritin Vingegaard a Pogačar sech géife presentéieren.
Et war net nëmmen intensiv mee och eng spannend 1. Woch vun dëser 110ter Editioun vum Tour de France. An eescht gouf et spéitstens op der 5ter Etapp wou deen éischten Test op Coureure vum Generalklassement gewaart huet.
Jonas Vingegaard géint Tadej Pogačar. Esou heescht Duell em de giele Maillot och dëst Joer. De Coureur vu Jumbo Visma hat am Col de Soudet nach déi besser Been an 1 Minutt Avance op den am Generalklassement verluer hat.
War nach mam Pogačar ze rechnen oder war de Vingegard awer ze staark? D’Äntwert op dës Fro gouf et direkt den Dag drop wou de Col d’Aspin an den Tourmalet um Dagesmenü stoungen. Defaite vum Dag virdrun hat de Pogačar op alle Fall gutt verdaut well hien net nëmmen déi 6. Etapp gewonnen huet, mä och mat enger Avance vu 26 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch gefuer ass. Spéitstens elo war den Coureur vum Jumbo Visma gewarnt.
Den Highlight vun dëser Woch war d’Etapp vu gëschter. Do goung et de Puy de Dôme erop. Eng Montée vun 13 Kilometer mat enger Moyenne vu 7.7%, déi läscht Kilometer esouguer iwwer 10% géi. An och hei war de Pogačar nees méi staark wéi de Vingegard, dee sengem Rival an deem méi schwieregen Deel nees e puer Sekonnen ofknäppe konnt.
Am Generalklassement huet de Jonas Vingegard elo als éischte 17 Sekonnen Avance op den zweeten Tadej Pogačar.
Lëtzebuerger mat gudde Leeschtungen
De Bob Jungels (BORA - hansgrohe) wéisst sech an enger gudder Form an war ëmmer un der Säit vu sengem australesche Leader Jai Hindley ze gesinn. D’Ekipp vum 30 Joer ale Lëtzebuerger huet net nëmmen déi 5. Etapp gewonnen, déi dofir gesuergt huet, dass den Australier de giele Maillot fir 1. Etapp huet dierfen undoen an op enger gudder drëtter Platz am Generalklassement steet. De Bob Jungels steet hei op der 35. Platz mat engem Retard vu 40 Minutten an 22 Sekonnen.
Den Alex Kirsch war mat dofir Responsabel, dass et och fir seng Ekipp «Lidl - Trek» eng Victoire gouf. Hien ass de Sprint op der 8. Etapp ugefuer, déi vu sengem Coequipier Mads Pedersen gewonne gouf. De Lëtzebuerger Champion klasséiert sech no enger Woch Course als 115ten am Generalklassement.
Och de Kevin Geniets huet fir seng Ekipp an dëser 1. Woch vill geschafft. Hieren Leader, de Franzous David Gaudu, steet am Generalklassement aktuell op der 8. Plaz op 6 Minutten. De 26 Joer ale Lëtzebuerger steet momentan op der 46. Plaz mat engem Retard vu 54 Minutten a 54 Sekonnen.