Iwwer 180 Kilometer, mat dräi Koppe vun der Kategorie Véier dotëscht, goung et e Mëttwoch vu Clermont-Ferrand op Moulins.

Déi séierste Been op de leschte Meter hat de Jasper Philipsen, dat virum Dylan Groenewegen an dem Phil Bauhaus. Si all haten e Chrono vu 4 Stonnen, enger Minutt a 7 Sekonnen.

Beschte Lëtzebuerger gouf den Alex Kirsch, deen als 76. kuerz hannert de Peloton mat enger Grupp ukoum, déi siwe Sekonne Réckstand hat. De Kevin Geniets hat e Retard vu 35 Sekonnen, dat als 91. an de Bob Jungels krut e Plus vun enger Minutt opgeschriwwen, hie gëtt als 117. gewäert.

An der Top 10 vum General gëtt et kee Changement. Do bleift de Jonas Vingegaard un der Spëtzt, dat 17 Sekonne virum Tadej Pogacar an 2 Minutten a 40 Sekonne virum Jai Hindley.

Am Generalklassement bleift de Bob Jungels op der 36 Plaz an huet iwwer 41 Minutte Réckstand. Den Kevin Geniets verbessert sech ëm eng Plaz op déi 63. an huet elo eng Stonn a 16 Sekonne Réckstand. Och fir den Alex Kirsch geet et liicht erop, dat op déi 126. Plaz. Iwwer 2 Stonnen ass hien hannert dem Leader.

Resumé vun der Etapp

Scho kuerz nom Depart konnte sech dräi Coureuren, den Daniel Oss (Total Energies), de Matîs Louvel (Arkea-Samsic) an den Andrey Amadro (EF Education-EasyPost) ofsetzen. Eng Gefor fir de giele Maillot waren déi Dräi an der Echappée net, well de Louvel hat als Beschte vun hinnen iwwer eng Stonn Retard op den aktuelle Leader Jonas Vingegaard. Hiren Avantage op de Peloton war kuerz bis op bal 3 Minutten eropgaangen, méi hunn d'Ekippen hannendrun hinnen awer net vergonnt. 100 Kilometer virun der Arrivée louch hir Avance nach bei ronn 90 Sekonnen.

Hire Virsprong ass weider gefall an huet sech du wärend e puer Kilometer bei 30 Sekonnen agependelt. Dono ass hir Avance awer séier erofgaangen an den Trio ass auserneegebrach. Déi lescht 49 Kilometer huet den Oss du probéiert, en solitaire op en Enn ze fueren. Hie konnt säin Avantage och nees bis op 40 Sekonnen eropgeschrauwen, nodeem en op ënner 20 Sekonne gefall war. Wéinst sengem Kampf eleng un der Spëtzt gouf den Oss dann och als de "plus combatif" vum Dag ausgezeechent.

27 Kilometer virun der Arrivée ass d'Wieder dunn ëmgeschwongen an et huet ugefaange mat reenen. Doduerch ass den Tempo un der Spëtzt lues a lues erofgaangen. Eng 13 Kilometer viru Schluss ass den Oss no enger laanger Echappée vum Peloton geschléckt ginn an d'Sprinterekippen hu sech positionéiert, dat am déckste Reen. 800 Meter virun der Arrivée gouf de richtege Sprint du lancéiert, bei deem sech de Jasper Philipsen (Alpecin-Deceuninck) duerchsetze konnt.

Top 10 vun der Etapp

1 PHILIPSEN Jasper Alpecin-Deceuninck 4:01:07
2 GROENEWEGEN Dylan Team Jayco AlUla ,,
3 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious ,,
4 COQUARD Bryan Cofidis ,,
5 PEDERSEN Mads Lidl - Trek ,,
6 KRISTOFF Alexander Uno-X Pro Cycling Team ,,
7 MOZZATO Luca Team Arkéa Samsic ,,
8 SAGAN Peter TotalEnergies ,,
9 VAN AERT Wout Jumbo-Visma ,,
10 WELSFORD Sam Team dsm - firmenich ,
...
76 KIRSCH Alex Lidl - Trek 0:07
91 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 0:35
117 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 1:00

Generalklassement

1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 46:34:27
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 0:17
3 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 2:40
4 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 4:24
5 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 4:36
6 YATES Adam UAE Team Emirates 4:41
7 YATES Simon Team Jayco AlUla 4:46
8 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers 5:28
9 GAUDU David Groupama - FDJ 6:01
10 KUSS Sepp Jumbo-Visma 6:47
...
35 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 41:15
63 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:16:07
126 KIRSCH Alex Lidl - Trek 2:03:41