Ion Izagirre wënnt en solitaire, Vingegaard bleift Leader

© Photo by Marco BERTORELLO / AFP
An der Beaujolais-Regioun gouf et hiwweleg. Et goung iwwer 169 Kilometer vu Roanne op Belleville-en-Beaujolais.
En solitaire setzt sech den Ion Izaguirre (COFIDIS) op der 12. Etapp duerch, dat mat 58 Sekonnen Avance op de Mathieu Burgaudeau (TOTALENERGIES) an de Matteo Jorgenson (MOVISTAR TEAM).
Beschte Lëtzebuerger gouf de Kevin Geniets (Groupama - FDJ), deen als 19. mat der Grupp vum Maillot Jaune iwwert d'Linn gefuer ass. Si haten e Retard vu 4 Minutten a 14 Sekonnen. Iwwer 11 Minutte Retard hat de Grupp ëm den Alex Kirsch (Lidl - Trek), deen als 56. ukoum. Iwwer 18 Minutte krut de Bob Jungels (Bora-Hansgrohe) als 87.
Am Generalklassement bleift un der Spëtzt alles beim alen. De Vingegaard (Jumbo-Visma) bleift am gielen Trikot, mat enger Avance op de Pogacar (UAE Team Emirates) vu 17 Sekonnen an dem Hindley
(BORA - hansgroheun) vun 2 Minutte an 40 Sekonnen.
De Resumé vun der Etapp
Vun Ufank un hunn ëmmer nees e puer Coureure probéiert, fir eleng oder zu e puer an eng Echappée ze goen. Den Tempo am Peloton war awer héich, esou datt net jidderee den Uschloss konnt halen. Duerch eng Chutte am Peloton an den éischte 40 Kilometer ass dësen an zwee gebrach. Et huet laang gedauert, bis eng Echappée fort koum. Dräi Leit hate sech ofgesat an 10 weidere konnte an den nächste Kilometer bei si opschléissen. Zu deem Ament war awer scho bal d'Hallschent vun der Etapp gefuer.
D'Grupp sollt nach fir kuerz Zäit op 15 Leit uwuessen. Dee Geféierlechste fir de Generalklassement war zu deem Ament den Thibaut Pinot, deen awer schonn iwwer néng an eng hallef Minutt Retard op de giele Maillot hat. Um Col de la Casse Froide huet d'Echappée ugefaangen, auserneenzebriechen an um Col de la Croix Rosler huet den Izagirre attackéiert a sech konnten ofsetzen. Iwwer 30 Kilometer hat hien deen Ament nach viru sech.
Hie konnt sech op seng fréier Begleeder séier eng Avance vu ronn 40 Sekonnen erausfueren an och d'Grupp ëm de Maillot Jaune eng 4 Minutten hannert sech halen. Deen Ecart konnt de Spuenier laang Zäit verdeedegen an zum Schluss nach ausbauen.
E puer Kilometer virun der Arrivée war et der Grupp hannert dem Leader kloer, datt si den Izagirre net méi anhuele konnten. Deementspriechend huet dunn all Coureur ugefaangen, no sech ze kucken an d'Geraibers an d'Attacke si lassgaangen. De Mann un der Spëtzt sollt dat awer net méi stéieren, well hien hat am richtegen Ament attackéiert an e gudden Ecart erausgefuer. Esou konnt sech den Ion Izagirre dann och am Zil als Vainqueur vun dëser 12. Etapp beim Tour de France feiere loossen.
D'Klassement vun der Etapp
1 IZAGIRRE Ion Cofidis 8″ 3:51:42
2 BURGAUDEAU Mathieu TotalEnergies 0:58
3 JORGENSON Matteo Movistar Team ,,
4 BENOOT Tiesj Jumbo-Visma 1:06
5 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Pro Cycling Team 1:11
6 PINOT Thibaut Groupama - FDJ 1:13
7 MARTIN Guillaume Cofidis ,,
8 TEUNS Dylan Israel - Premier Tech 1:27
9 GUERREIRO Ruben Movistar Team ,,
10 CAMPENAERTS Victor Lotto Dstny 3:02
...
19 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 4:14
56 KIRSCH Alex Lidl - Trek 11:25
87 JUNGELS Bob Bora-Hansgrohe 18:24
De Generalklassement no der 12. Etapp
1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 50:30:23
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 0:17
3 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 2:40
4 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 4:22
5 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 4:34
6 YATES Adam UAE Team Emirates 4:39
7 YATES Simon Team Jayco AlUla 4:44
8 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers 5:26
9 GAUDU David Groupama - FDJ 6:01
10 PINOT Thibaut Groupama - FDJ 6:33
...
41 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 55:25
53 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:16:07
111 KIRSCH Alex Lidl - Trek 2:10:52