E Freideg goung et iwwer 138 Kilometer vu Châtillon-sur-Charlonne op de Grand Colombier an domadder gouf et eng Arrivée op engem Bierg Hors Categorie.

Aus der Echappée Eraus huet de Kwiatkowski an der leschter Montée attackéiert a sech esou d'Victoire vun der Etapp geséchert. 47 Sekonnen no him koum de Van Gils iwwert d'Linn, deen och mat an der Echappée war. Op déi drëtte Plaz, 3 Sekonnen hannert dem zweete koum de Pogacar, deen aus dem Peloton aus de Maillot Jaune attackéiert hat an e puer Sekonnen op de véierte vun dëser Etapp a Leader am General Vingegaard guttmaache konnt.

Beschte Lëtzebuerger gouf de Kevin Geniets, deen 8 Minutten a 45 Sekonne nom Leader als 38. iwwert d'Kopp gefuer ass. Iwwer 3 an eng hallef Minutt méi spéit koum de Bob Jungels als 44 iwwert d'Arrivée an den Alex Kirsch hat als 141 iwwer 25 Minutte Retard.

Am Generalklassement bleift de Vingegaard am Maillot Jaune, verléiert awer e puer Sekonnen op den zweete Pogacar, dee lo just nach 9 Sekonne Retard op de Leader huet. Drëtten ass den Hindley, deem säi Réckstand op 2:51 ugewuess ass.  Beschte Lëtzebuerger ass hei de Bob Jungels, deen als 37. mat engem Réckstand vun bal enger Stonn an néng Minutte gewäert gëtt.

De Resumé vun der Etapp

Direkt vum Moment un, wou d'Course fräigi gouf, hu verschidde Coureure probéiert, z'attackéieren. No 20 Kilometer war et awer nach kengem gelongen, fortzekommen. Wat a klenge Gruppen net gelongen ass, hunn dunn 19 Cyclisten zesummen hikritt. Geféierlech fir de Maillot Jaune war kee vun hinnen, den Herold Tejada (Astana) war mat 54 Minutten Réckstand dee Beschtplacéierte vun hinnen. 80 Sekonnen huet UAE Team Emirates hinnen Avance gelooss, éier si den Tempo am Peloton ugezunn hunn, wat mat sech bruecht huet, dat verschidde Coureuren hannen am Peloton ofgehaange goufen. Vir awer och am Peloton gouf en héije Rhythmus gefuer, wouduerch d'Avance zwar eropgoe konnt, dat awer just ganz lues. 65 Kilometer virun der Arrivée, also e bëssi méi wéi d'Hallschent vun der Course gefuer, louch d'Avance vun der Spëtzt op den Haaptpeloton bei eppes iwwer zwou Minutten.

Den Tëschesprint huet d'Grupp vun 19 Leit un der Spëtzt e bëssen auserneegerappt, well den Tempo verschäerft gouf. Zwee Coureuren hunn den Uschloss dann un d'Leader verpasst an houngen déi nächste Kilometer tëscht der grousser Echappée an dem éischten Deel vum Peloton. Den héijen Tempo an der éischter Grupp huet dann och dofir gesuergt, datt hiren Avantage op de Peloton op iwwer 3 Minutt geklommen ass, dat ronn 35 Kilometer virun der Arrivée. An der klenger Descente nom Sprint a just e puer Kilometer virum Fouss vum Grand Colombier ass de Spëtzegrupp eng weider Kéier méi kleng ginn. Nach zu 16 hu si zesummen de Bierg attackéiert, dat mat bal annerhallwer Minutt op hir Verfolger a bal véier Minutten op de Peloton.

Um Fouss vum Grand Colombier goufen dann och déi éischt Attacken aus dem Spëtzegrupp eraus gestart. Verschiddener hunn et probéiert, ma de Michal Kwiatkowski war schlussendlech deen, dee sech ofsetze konnt, dat 11 Kilometer virun der Arrivée.

Géint de polnesche Coureur an den Déngschter vum Ineos Grenadiers war dann an der leschter a schwéierster Montée vum Dag kee Kraut gewuess. An obwuel hien eleng ënnerwee war, huet seng Avance op de Recht vun der am Ufank esou grousser Echappée sech nach vergréissert. D'Echappée war nämlech am Bierg ausernee gebrach an e puer méi kleng Gruppen, déi lues awer sécher vum Leadergrupp agefaange goufen. No dräi Stonnen, 17 Minutten an 33 Sekonne konnt de Kwiatkowski als Gewënner vun dëser schwéierer Etapp als éischten iwwert d'Zillinn fueren.

An der selwechter Zäit gouf et am Spëtzegrupp Attacken op de Maillot Jaune. Dee Grupp hat sech an der Montée däitlech no vir gekämpft an hat vill Zäit op de Gewënner vun der Etapp guttgemaach. Den aktuellen Zweeten am Klassement Pogacar hat am leschte Kilometer de Leader Vingegaard attackéiert, konnt awer just e puer Sekonne guttmaachen.

D'Klassement vun der Etapp

1 KWIATKOWSKI Michał INEOS Grenadiers 3:17:33
2 VAN GILS Maxim Lotto Dstny 0:47
3 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 0:50
4 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:54
5 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers 1:03
6 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 1:05
7 SHAW James EF Education-EasyPost ,,
8 TEJADA Harold Astana Qazaqstan Team ,,
9 YATES Simon Team Jayco AlUla 1:14
10 YATES Adam UAE Team Emirates 1:18
...
38 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 8:45
44 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 14:17
141 KIRSCH Alex Lidl - Trek 25:22

D'Generalklassement no der Etapp

1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 53:48:50
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 0:09
3 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 2:51
4 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 4:48
5 YATES Adam UAE Team Emirates 5:03
6 YATES Simon Team Jayco AlUla 5:04
7 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 5:25
8 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers 5:35
9 GAUDU David Groupama - FDJ 6:52
10 KUSS Sepp Jumbo-Visma 7:11
...
37 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 1:08:48
50 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:23:58
114 KIRSCH Alex Lidl - Trek 2:35:20