Op déi 2. Plaz kënnt d‘Xaydée van Sinaey aus der Belsch. Als 3. ass d‘Larissa Hartog aus Holland iwwer d‘Arrivée gefuer.

Wéi um véierel op 2 Damme Course lancéiert gouf do waren Débutants an Junioren scho gefuer. Bei de Juniore wousst de Rick Meylender z`iwwerzeegen an hat d`Course virun der auslännescher Konkurrenz gewonnen. Bei den Damme louchë Lëtzebuerger Hoffnungen op de Schëllere vum Christine Majerus. D'Sportlerin vun SD Worx war am Dezember krank ginn an huet en zolitte Retard am Training. Mat hirer ganzer Klass a Routine konnt d`Majerus d`Konkurrenz awer a Schach halen an haut de Péitenger Cross fir eng 5. Kéier gewonnen.

Déi 2 gutt Performance an der Damme Course koum vum Liv Wenzel. Déi jonk Athletin konnt sech op deem physesch Schwéiere Parcours gutt aus der Affär zéien a koum de Mëtteg op déi 5. Plaz.

Elite vun de Männer

Um véierel op 3 gouf dunn d'Elite vun de Männer fir eng Stonn Course op de Parcours geschéckt. De Belsch Lander Loockx war hei zesummen dem Vainqueur vum leschte Joer,dem Joshua Dubau an dem Marcel Meisen an der Favoritteroll. Aus Lëtzebuerger Sicht huet sech an den éischten Tier gewisen dat de jonke Mathieu Kockelmann op deem schwéiere Parcours seng physesch gutt Form haut géif kënnen ënner Beweis stellen. Bis hallef Course huet de Lander Loockx den Androck gemaach wéi wann hien des Course kéint gewannen, dono ass den Dubau awer bei de Belsch eru gefuer a konnt sech lues awer sécher vun deem ofsetzen. Hannen Drun huet de Marcel Meisen mam Théo Thomas em déi 3 Plaz gekämpft. De Mathieu Kockelmann ass an enger Grupp em déi 12 Plaz gefuer.

Um Enn huet den Dubau näischt méi ubrenne gelooss a mat e puer Sekonnen Avance op de Loockx gewonnen,de Marcel Meisen huet sech déi 3 Plaz geséchert. De Mathieu Kockelmann ass als 12ten iwwer d`Arrivée gefuer.

E Sonndeg ass fir d`Lëtzebuerger Konkurrenz Generalprouf fir Championnat zu Hesper. Op deem selwechte Parcours ginn eng Woch drop och Titele verdeelt.