E Mëttwoch hätt d'Saison fir den Alex Kirsch an den Arthur Kluckers sollen ufänken.

D'Lëtzebuerger Coureure si beim Etoile de Bessèges engagéiert. Wéinst den ugekënnegte Protester vun de Bauere ronderëm Bellegarde am Departement du Gard a Frankräich gouf déi éischt Etapp awer net gefuer. D'Organisateure ginn dovunner aus, datt d'Situatioun sech déi nächsten Deeg entspaant. D'Course dauert bis e Sonndeg.

De Kevin Geniets hat e Sonndeg mat senger Victoire scho gewisen, datt hien a ganz gudder Form ass, hien ass den 3. Lëtzebuerger, deen am Etoile de Bessèges dobäi ass.