De Mads Pedersen gewënnt déi aacht Editioun vum Tour de la Provence. Den Alex Kirsch war am Sprint ganz vir bäi a gëtt am General de Fënneften.

Op der drëtter a leschter Etapp vun der Tour de la Provence hat de Belsch Tom van Asbroeck déi séierst Been. Hie gewënnt aus engem Massesprint eraus a kann déi fënneft Victoire a senger Karriär feieren. Als Zweete klasséiert sech de Sam Bennett virum Axel Zinglé. De Mads Pedersen, Leader am General, gëtt op der leschter Etapp Fënneften a séchert sech soumat d'Gesamtvictoire vum aachten Tour de la Provence.

Den Alex Kirsch huet eng ganz staark Leeschtung op der leschter Etapp gewisen. Iwwer 183 km vu Rognac op Arles huet hie sech an enger 26 Mann grousser Echappée opgehalen a konnt 17 Kilometer virun der Arrivée och dräi Punkte fir d'Sprintklassement sammelen.

Aus dëser Grupp eraus huet de Lëtzebuerger och 800 Meter virun der Arrivée de Sprint lancéiert, gouf awer séier agefaangen an huet d'Victoire vum Tom van Asbroeck vun hanne gesinn. Um Enn klasséiert sech den Alex Kirsch op der 20. Plaz a gëtt am General de Fënneften.

D'Klassement vun der Etapp

1 VAN ASBROECK Tom 4:10:36
2 BENNETT Sam ,,
3 ZINGLE Axel ,,
4 HOFSTETTER Hugo ,,
5 PEDERSEN Mads ,,
6 LECROQ Jérémy ,,
7 DUJARDIN Sandy ,,
8 HENNEQUIN Paul ,,
9 WATSON Samuel ,,
10 GARCÍA PIERNA Raúl ,,
...
20 KIRSCH Alex 0:14

De General

1 PEDERSEN Mads 11:52:36
2 ZINGLE Axel 0:29
3 GARCÍA PIERNA Raúl  ,,
4 TOUZÉ Damien  1:36
5 KIRSCH Alex 1:41
6 GAUTHERAT Pierre 1:47
7 GOUGEARD Alexis 2:02
8 SÖDERQVIST Jakob  2:13
9 BENNETT Sam 2:37
10 VAN ASBROECK Tom 3:44