Christine Majerus sprint op Plaz 7

© AFP (Archiv)
D'Christine Majerus ass en Donneschdeg an déi nei Saison op der Strooss gestart.
Op der éischter Etapp vun der Volta Femenina de la Comunitat Valenciana ass et iwwer 113 Kilometer vun Tavernes de la Valldigna op Gandia gaangen. Um Enn ass d'Decisioun am Massesprint gefall an do hat d'Italieenerin Elisa Balsamo déi séierst Been. Si huet sech virum Marianne Vos aus Holland an dem Noemi Rüegg aus der Schwäiz behaapt. D'Christine Majerus ass op déi gutt 7. Plaz gesprint.
Mam Nina Berton ass nach eng zweet Lëtzebuergerin um Depart. Si ass um éischten Dag déi 121. op 10 Minutten a 5 Sekonne ginn.
D'Klassement
1 BALSAMO Elisa Lidl - Trek 2:54:45
2 VOS Marianne Team Visma | Lease a Bike ,,
3 RÜEGG Noemi EF Education-Cannondale ,,
4 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
5 LACH Marta CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
6 BARIL Olivia Movistar Team ,,
7 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,
8 SIERRA Arlenis Movistar Team ,,
9 CECCHINI Elena Team SD Worx - Protime ,,
10 DIDERIKSEN Amalie Uno-X Mobility ,,
...
121 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 10:05