Wout van Aert feiert éischt Victoire an dëser Saison

© AFP (Archiv)
Déi drëtt Etapp vum Tour duerch d'Algarve ass no 192 Kilometer tëscht Vila Real de Santo António an Tavira am Sprint op en Enn gaangen.
Gewonnen huet de Belsch Wout van Aert. Fir hien ass et déi éischt Victoire an dëser Saison. Hien huet sech am Sprint virum Rui Oliveira aus Portugal an dem Marius Mayrhofer aus Däitschland behaapt.
Déi dräi Lëtzebuerger Luc Wirtgen (54.), Bob Jungels (89.) an Arthur Kluckers (123.) sinn an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner ukomm.
Am General läit de Kolumbianer Daniel Felipe Martinez weider un der Spëtzt. Hien huet eng Avance vu véier Sekonnen op de Belsch Remco Evenepoel. Drëtten ass den US-Amerikaner Sepp Kuss op 12 Sekonnen. Beschte Lëtzebuerger ass de Bob Jungels als 17. op 36 Sekonnen.
D'Klassement vun der Etapp
1 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike 4:50:37
2 OLIVEIRA Rui UAE Team Emirates ,,
3 MAYRHOFER Marius Tudor Pro Cycling Team ,,
4 THIJSSEN Gerben Intermarché - Wanty 5 7 ,,
5 BISSEGGER Stefan EF Education - EasyPost 3 4 ,,
6 TILLER Rasmus Uno-X Mobility 3 ,,
7 STUYVEN Jasper Lidl - Trek 2 ,,
8 CORT Magnus Uno-X Mobility 1 ,,
9 FEDOROV Yevgeniy Astana Qazaqstan Team ,,
10 MESA Santiago Efapel Cycling ,,
...
53 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 1:03
86 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 1:22
118 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 1:52
De General
1 MARTÍNEZ Daniel Felipe BORA - hansgrohe 14:23:11
2 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 0:04
3 KUSS Sepp Team Visma | Lease a Bike 0:12
4 HIGUITA Sergio BORA - hansgrohe 0:16
5 TRATNIK Jan Team Visma | Lease a Bike 0:18
6 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers ,,
7 GEOGHEGAN HART Tao Lidl - Trek ,,
8 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike 0:22
9 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 0:23
10 LANDA Mikel Soudal - Quick Step ,,
...
17 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 0:36
54 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 5:32
89 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 16:30