Um 2. Dag vun der Volta Femenina de la Comunitat Valenciana ass et iwwer 117 Kilometer vu Borriol op La Vall d'Uixo gaangen.

D'Marlen Reusser huet e Freideg hir éischt Victoire an dëser Saison gefeiert. D'Coequipière vum Christine Majerus hat de richtege Moment erwëscht, fir aus dem Spëtzegrupp eraus ze attackéieren. Mat enger Avance vun 29 Sekonnen huet si sech d'Victoire en solitaire geséchert. Am Sprint ëm d'Éiereplazen huet sech d'Marianne Vos virum Shirin van Anrooij duerchgesat.

D'Reusser ass duerch hir Etappevictoire och elo nei Leaderin am General.

D'Christine Majerus ass um 2. Dag als 30. op eng Minutt an 31 Sekonnen ukomm. An d'Nina Berton huet als 116. knapp 14 Minutte verluer. Am General ass d'Majerus déi 25. op eng Minutt an 41 Sekonnen an d'Berton läit op der 114. Plaz.

D'Klassement

1 REUSSER Marlen Team SD Worx - Protime 3:01:19
2 VOS Marianne Team Visma | Lease a Bike 0:29
3 MUZIC Évita FDJ - SUEZ ,,
4 VAN ANROOIJ Shirin Lidl - Trek 12 7 ,,
5 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing 10 4 ,,
6 NOSKOVÁ Nikola Cofidis Women Team 8 3 ,,
7 CHABBEY Elise Canyon//SRAM Racing 6 2 ,,
8 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL 4 1 ,,
9 DE JONG Thalita Lotto Dstny Ladies 1:02
10 FAULKNER Kristen EF Education-Cannondale ,,
...
30 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 1:31
116 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 13:53

De General

1 REUSSER Marlen Team SD Worx - Protime 5:55:54
2 VOS Marianne Team Visma | Lease a Bike 0:27
3 MUZIC Évita FDJ - SUEZ 0:35
4 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing 0:39
5 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL ,,
6 VAN ANROOIJ Shirin Lidl - Trek ,,
7 CHABBEY Elise Canyon//SRAM Racing ,,
8 NOSKOVÁ Nikola Cofidis Women Team ,,
9 BARIL Olivia Movistar Team 1:11
10 DE JONG Thalita Lotto Dstny Ladies 1:12
...
25 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 1:41
114 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 24:08