Bei der Zweedagescourse goung et op der éischter Etapp iwwer 165 Kilometer vu Levens op Antibes.

Den Ethan Vernon konnt sech am Sprint géint de Sean Flynn a géint de Vincenzo Albanese duerchsetzen an duerft de Maillot vum Leader iwwerzéien.

Aus Lëtzebuerger Siicht ass de Kevin Geniets mat um Depart. De Coureur vun der Ekipp Groupama-FDJ huet op de leschte Kilometer den Tempo am Peloton ugezunn an domat probéiert, säi Coequipier Fabian Lienhard an eng gutt Positioun ze bréngen. De Lienhard gouf um Enn Sechsten. De Lëtzebuerger ass mam Rescht vum Peloton iwwer de wäisse Stréch gerullt a gouf 19.

Am General läit de Kevin Geniets wéinst Zäitbonifikatioune fir aner Coureuren op der 21. Plaz.

D'Klassement vun der Course

1 VERNON Ethan 3:55:38
2 FLYNN Sean ,,
3 ALBANESE Vincenzo ,,
4 JOHANNESSEN Tobias Halland ,,
5 BOIVIN Guillaume ,,
6 LIENHARD Fabian ,,
7 BARDET Romain ,,
8 COSNEFROY Benoît ,,
9 VERMAERKE Kevin ,,
10 GRISEL Matys ,,
...
19 GENIETS Kevin ''

De General

1 VERNON Ethan 3:55:38
2 FLYNN Sean ,,
3 ALBANESE Vincenzo ,,
4 BARRÉ Louis ,,
5 MIFSUD Andrea ,,
6 PARET-PEINTRE Aurélien ,,
7 LABROSSE Jordan ,,
8 JOHANNESSEN Tobias Halland ,,
9 BOIVIN Guillaume ,,
10 LIENHARD Fabian ,,
...
21 GENIETS Kevin ''