Remco Evenepoel gewënnt d'Zäitfueren, Arthur Kluckers op Plaz 14

© AFP-Archiv
De Belsch iwwerhëlt domat d'Féierung am General a steet viru senger drëtter Victoire vum Tour duerch d'Algarve. Den Arthur Kluckers gouf 14.
Beim Zäitfueren iwwer 22 Kilometer hat de Remco Evenepoel déi séierst Been a gewënnt virum Magnus Sheffield aus den USA. De Belsch war 17 Sekonne méi séier wéi den Amerikaner. Drëtte gëtt de Stefan Küng aus der Schwäiz, deen 29 Sekonne méi lues war wéi den Evenepoel. De Leader am General, den Daniel Felipe Martinez, huet am Zäitfueren 52 Sekonnen op den Evenepoel verluer a muss domat de Maillot vum Leader virun der leschter Etapp un de Belsch ofginn.
Den Evenepoel steet viru senger drëtter Victoire vun der Tour duerch d'Algarve. Hie konnt se schonn 2022 an 2020 fir sech entscheeden.
Aus Lëtzebuerger Siicht huet den Arthur Kluckers mat engem staarken Zäitfueren op sech opmierksam gemaach. De Coureur vun der Ekipp Tudor Pro Cycling hat e Retard vun 1:10 op de Gewënner a gouf 14. De Bob Jungels (+ 1:28) gouf 24. an de Luc Wirtgen koum op déi 94. Plaz (+ 3:31).
Am Generalklassement ass de Bob Jungels op Plaz 15 (+ 2:00) beschtplacéierte Lëtzebuerger. De Luc Wirtgen fält nom Zäitfueren ëm sechs Plazen op d'Plaz 60 (+ 8:59) an den Arthur Kluckers läit elo op Plaz 85 (+ 17:36).
D'Klassement vun der Course
1 EVENEPOEL Remco 27:09
2 SHEFFIELD Magnus 0:17
3 KÜNG Stefan 0:29
4 DEL TORO Isaac 0:37
5 CATTANEO Mattia 0:47
6 GANNA Filippo 0:48
7 HEALY Ben 0:49
8 MARTÍNEZ Daniel Felipe 0:52
9 HERREGODTS Rune 0:58
10 TRATNIK Jan ,,
...
14 KLUCKERS Arthur 1:10
24 JUNGELS Bob 1:28
94 WIRTGEN Luc 3:31
De General
1 EVENEPOEL Remco 14:50:24
2 MARTÍNEZ Daniel Felipe 0:48
3 TRATNIK Jan 1:12
4 VAN AERT Wout 1:18
5 KÜNG Stefan ,,
6 HEALY Ben 1:21
7 ARENSMAN Thymen 1:24
8 SHEFFIELD Magnus 1:35
9 MORGADO António 1:39
10 PIDCOCK Thomas 1:45
...
15 JUNGELS Bob 2:00
60 WIRTGEN Luc 8:59
85 KLUCKERS Arthur 17:36