Niamh Fisher-Black mat Victoire bei Biergetapp

© AFP-Archiv
No der Marlen Reusser huet sech eng weider Coequipière vum Christine Majerus iwwer eng Victoire gefreet. D'Lëtzebuergerin koum als 53. un.
D'Niamh Fisher-Black wënnt déi drëtt Etapp vun der Volta Femenina de la Comunitat Valenciana. D'Coequipière vum Christine Majerus wënnt mat enger Avance vun 13 Sekonne virun der Italieenerin Gaia Realini an hat mat 23 Sekonnen och eng komfortabel Avance op d'Drëttplacéiert Katarzyna Niewiadoma aus Polen. D'Leaderin am General, d'Marlen Reusser, koum als 5. am Zil un (+ 50 Sekonnen).
Bei der 129 Kilometer laanger Etapp vun Alicante op Xorret de Cati, déi ee Col vun der éischter Kategorie an ee hors catégorie hat, koum d'Christine Majerus als 53. (+ 7:54) an d'Zil, d'Nina Berton ass als 80. (+ 29:07) iwwer de Stréch gefuer.
Am Generalklassement verléiert d'Christine Majerus 18 Plazen a fält op d'Plaz 43 zeréck. D'Nina Berton kann trotz dem grousse Retard um Samschdeg 6 Plaze gutt maachen an ass elo 108.
D'Klassement vun der Course
1 FISHER-BLACK Niamh 3:50:04
2 REALINI Gaia 0:13
3 NIEWIADOMA Katarzyna 0:23
4 LABOUS Juliette 0:41
5 REUSSER Marlen 0:50
6 FAULKNER Kristen 0:59
7 DE JONG Thalita 1:01
8 ANDERSON Solbjørk Minke ,,
9 CHABBEY Elise ,,
10 CURINIER Léa 1:03
...
53 MAJERUS Christine 7:54
80 BERTON Nina 29:07
De General
1 REUSSER Marlen 9:46:48
2 NIEWIADOMA Katarzyna 0:08
3 FISHER-BLACK Niamh 0:12
4 LABOUS Juliette 0:25
5 REALINI Gaia 0:37
6 VOS Marianne 0:50
7 CHABBEY Elise ,,
8 NOSKOVÁ Nikola 1:19
9 VAN ANROOIJ Shirin 1:22
10 DE JONG Thalita 1:23
...
43 MAJERUS Christine 8:45
108 BERTON Nina 52:25