Op der leschter Etapp konnt sech zu Valencia d'Elisa Balsamo am Sprint duerchsetzen.

E Sonndeg ass a Spuenien déi véiert a lescht Etapp vun der Volta Femenina de la Comunitat Valenciana gefuer ginn. Hei war d'Decisioun am Massesprint op der Arrivée gefall. D'Elisa Balsamo hat nach déi meeschte Kraaft an de Been a setzt sech zu Valencia virum Arlenis Sierra an dem Nadia Quagliotto duerch. Och d'Christine Majerus ass mam Peloton als 18. iwwert d'Arrivée gefuer.

D'Victoire am General geet no de véier Etappen un d'Marlen Reusser. D'Schwäizerin konnt de Virsprong vun aacht Sekonnen op d'Katarzyna Niewiadoma bäibehalen. Déi drëtt Plaz am Schlussklassement ass fir d'Niamh Fischer-Black mat engem Ecart vun 12 Sekonnen.

Fir d'Christine Majerus steet um Enn vum Tour mat engem Retard vun 8:45 Minutten op der 42. Plaz an d'Nina Berton op der Plaz 105.

De General

1 REUSSER Marlen 24:52:20
2 NIEWIADOMA Katarzyna 0:08
3 FISHER-BLACK Niamh 0:12
4 LABOUS Juliette 0:30
5 REALINI Gaia 0:45
6 VOS Marianne 0:50
7 CHABBEY Elise ,,
8 NOSKOVÁ Nikola 1:19
9 DE JONG Thalita 1:21
10 VAN ANROOIJ Shirin 1:22

42 MAJERUS Christine 8:45