Schlussvictoire fir de Benoît Cosnefroy, Kevin Geniets op Plaz 12

© Roland Miny
De Fransous konnt sech op der leschter Etapp am Sprint behaapten. De Kevin Geniets ass mam Spëtzegrupp op d'Arrivée komm.
E Sonndeg ass beim Tour des Alpes-Maritimes déi zweet a lescht Etapp gefuer ginn. Hei huet sech de Fransous Benoît Cosnefroy no 131,8 Kilometer zu Vence am Sprint viru sengem Landsmann Aurélien Paret-Peintre an dem Italiener Vincenzo Albanese duerchgesat. De Kevin Geniets ass mam Spëtzegrupp als 13. iwwert d'Arrivée gefuer.
Och d'Schlussvictoire geet un de Benoît Cosnefroy. Hie steet um Enn zwou Sekonne virum Vincenzo Albanese an dräi Sekonne virum Aurélien Paret-Peintre. De Kevin Geniets placéiert sech am Generalklassement op der 12. Plaz.
D'Schlussklassement
1 COSNEFROY Benoît 7:09:12
2 ALBANESE Vincenzo 0:02
3 PARET-PEINTRE Aurélien 0:03
4 DELETTRE Alexandre 0:10
5 TRONCHON Bastien ,,
6 VERMAERKE Kevin ,,
7 GRÉGOIRE Romain ,,
8 MARTIN Guillaume ,,
9 PACHER Quentin ,,
10 WOODS Michael ,,
12 GENIETS Kevin ,,