Kirsch, Jungels a Co. dierften an hiren Ekippen eng wichteg Roll spillen
E Samschdeg gëtt am Vëlossport d'Klassiker-Saison an der Belsch lancéiert.
Mam Omlopp Het Nieuwsblad steet en éischte wichtegen Test um Programm. D'Lëtzebuerger Coureuren hu sech an de leschte Méint gutt preparéiert an dierften an hiren Ekippen eng wichteg Roll spillen.
Tëscht Gent an Ninove sinn e Samschdeg 202 Kilometer ze fueren. Bei der 79. Editioun sinn 3 Lëtzebuerger an der provisorescher Startlëscht. Den Alex Kirsch geet am rout-wäiss-bloen Trikot vum Lëtzebuerger Champion un den Depart. De Coureur vu Lidl-Trek huet sech iwwer de Wanter gutt op déi nei Saison virbereet a freet sech op d'Klassiker. Mat de Victoirë vum Mads Pedersen an de leschte Courssen (3 Etappen am Tour de la Provence + d'Generalklassement, 1 Etapp am Etoile de Bessèges + d'Generalklassement) ass et fir dem Kirsch seng Ekipp richteg gutt gelaf. De Mads Pedersen ass e Samschdeg net um Depart.
De Bob Jungels huet seng physesch Problemer aus de lescht Joren hannert sech gelooss a kritt bei Bora - hansgrohe Responsabilitéite fir den Optakt an der Belsch. Beim Tour duerch d'Algarve huet hie mat der 15. Plaz am Generalklassement gewisen, datt mat him ze rechnen ass.
Den Arthur Kluckers geet bei Tudor Pro Cycling un der Säit vum Matteo Trentin un den Depart.
An der Dammecourse ass d'Christine Majerus engagéiert an dierft eng wichteg Aufgab un der Säit vun der Weltmeeschterin Lotte Kopecky kréien.
Op RTL kënnt Dir d'Course vun den Hären e Samschdeg vu 14.15 Auer u live kucken.
Vu Februar bis Oktober kënnt Dir nees eng sëlleg Héichpunkte vun der Saison live op RTL kucken.