Mat der 79. Editioun vum Omloop Het Nieuwsblad ass um Samschdeg d'Klassiker-Saison an der Belsch lancéiert ginn.

Um Enn konnt de Slowen Jan Tratnik sech dräi Sekonne virum Nils Politt aus Däitschland duerchsetzen. Op déi drëtt Plaz ass de Wout van Aert mat engem Retard vun 8 Sekonne komm, nodeems hie laang an der Echappée dobäi war.

Den Alex Kirsch war déi ganz Course iwwer mat vir dobäi an huet et um Enn op déi 20. Plaz gepackt, dat an der selwechter Zäit wéi de van Aert. Den Arthur Kluckers ass mat engem Retard vun 8:20 Minutten op déi 78. Plaz komm, iwwerdeems de Bob Jungels mat engem Réckstand vun 13:07 Minutten als 125. iwwer d'Zillinn gefuer ass.

Iwwer ronn 202 Kilometer goung et fir d'Coureuren vu Gent op Ninove. Fréi konnt sech eng Echappée aus néng Coureuren ofsetzen, déi dunn tëschenzäitlech eng Avance vu knapps 5 Minutten erausgefuer ass.

130 Kilometer virun der Arrivée gouf den Tempo am Peloton ugezunn an d'Avance vun den néng Coureuren ass ëmmer méi kleng ginn. Ee Grupp vu ronn 20 Coureuren, dorënner den Alex Kirsch an och déi meescht Favoritten, konnt sech dunn aus dem Peloton ofsetzen an zur Echappée opschléissen. No der Hallschent vun der Course hat de Spëtzegrupp eng Avance vu 40 Sekonnen op de Peloton.

No enger weiderer Acceleratioun ass et du sechs Coureure gelonge fir 50 Kilometer viru Schluss eleng un d'Spëtzt ze fueren. Mam Wout van Aert, Christophe Laporte a Matteo Jorgenson waren dräi Coequipiere vun Team Visma | Lease a Bike mat dobäi.

Den US-Amerikaner Jorgenson war et dunn och, dee mat enger Attack iwwerrascht huet an déi aner Coureuren 20 Kilometer virun der Arrivée distanzéiere konnt. De Peloton ass allerdéngs ëmmer méi no komm, soudass et um Sommet vum Bosberg zum Regruppement komm ass.

Den Nils Politt an de Jan Tratnik konnte sech dunn un d'Spëtzt setzen an eng Avance vu ronn 15 Sekonnen erausfueren, deen net méi ageholl sollt ginn. Op de leschte Kilometer war et de Politt, dee méi vir gefuer ass an domat um Enn manner Kraaft hat, woumat den Tratnik sech d'Victoire séchere konnt. Domat gouf et awer nach ee Succès fir d'Team Visma | Lease a Bike, déi d'Course awer sécherlech anescht geplangt haten.

D'Top 10

1 TRATNIK Jan Team Visma | Lease a Bike 4:31:27
2 POLITT Nils UAE Team Emirates +0:03
3 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike +0:08
4 NAESEN Oliver Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
5 LAPORTE Christophe Team Visma | Lease a Bike ,,
6 REX Laurenz Intermarché - Wanty ,,
7 STUYVEN Jasper Lidl - Trek ,,
8 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers ,,
9 TRENTIN Matteo Tudor Pro Cycling Team ,,
10 DE LIE Arnaud Lotto Dstny ,,
...
20 KIRSCH Alex Lidl - Trek +0:08
78 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team +8:20
125 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +13:07

Dammen

Bei den Damme gouf et bei der 16. Editioun iwwer 127 Kilometer iwwerdeems eng Victoire fir d'Marianne Vos. D'Hollännerin huet sech am Schlusssprint virum Lotte Kopecky, dem Elisa Longo Borghini an dem Shirin van Anrooij duerchgesat.

D'Belsch Kopecky kann domat den Titel aus dem leschte Joer net verdeedegen, iwwerdeems d'Vos sech bei hirer éischter Participatioun d'Victoire séchere konnt.

D'Christine Majerus huet et iwwerdeems op eng staark 19. Plaz gepackt, dat mat engem Retard vun 2 Minutten an 8 Sekonnen.

D'Top 10

1 VOS Marianne Team Visma | Lease a Bike 3:27:15
2 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime ,,
3 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek ,,
4 VAN ANROOIJ Shirin Lidl - Trek ,,
5 DE JONG Thalita Lotto Dstny Ladies +1:08
6 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime ,,
7 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
8 PIETERSE Puck Fenix-Deceuninck ,,
9 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime +1:53
10 BALSAMO Elisa Lidl - Trek +2:08
...
19 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime +2:08