Op dëser 24. Editioun stounge fir d'Coureuren nees 168,5 Kilometer am franséischen Departement Ardèche um Programm.

Um Enn konnt sech mam Juan Ayuso vun UAE Team Emirates ee vun de Favoritten op d'Victoire duerchsetzen. De Spuenier konnt sech am Schlusssprint virum Romain Grégoire, dem Mattias Skjelmose an dem Felix Gall behaapten. De Grégoire an de Skjelmose, deen de Sprint lancéiert hat, sinn op d'Plazen 2 an 3 komm.

Als beschte Lëtzebuerger huet de Kevin Geniets d'Top 10 knapp verpasst. Zesumme mat enger Rei anere Coureuren ass hie véier Sekonnen nom Ayuso ukomm, um Enn sollt et fir eng staark 11. Plaz duergoen. De Luc Wirtgen huet et mat engem Retard vun 3:31 Minutten op Plaz 44 gepackt, wärend de Michel Ries d'Course net op en Enn gefuer ass.

D'Top 10

1 AYUSO Juan UAE Team Emirates 4:23:34
2 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ ,,
3 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek ,,
4 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
5 VAN GILS Maxim Lotto Dstny +0:04
6 VERMAERKE Kevin Team dsm-firmenich PostNL ,,
7 ROTA Lorenzo Intermarché - Wanty ,,
8 JEGAT Jordan TotalEnergies ,,
9 PARET-PEINTRE Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
10 ARRIETA Igor UAE Team Emirates ,,
11 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
...
44 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team +3:31