Iwwer 196,4 Kilometer ass et vu Kortrijk op Kuurne gaangen.

Nodeems e Samschdeg den Optakt vun der Klassiker-Saison mat Omloop Het Nieuwsblad war, stoung e Sonndeg mat Kuurne-Bréissel-Kuurne direkt déi nächste Course um Programm. Mam Bob Jungels an Alex Kirsch stoungen och zwee Lëtzebuerger mat um Depart.

Eng 4 Kilometer virum wäisse Strech huet sech de Wout van Aert (Team Visma - Lease a Bike) vu senge Konkurrenten ofgesat. Hannendrun konnt den Tim Wellens (UAE) an de Spuenier Oier Lazkano vu Movistar opschléissen an et ass zum Schlusssprint tëscht deenen 3 Coureure komm. Hei war allerdéngs kee Kraut géint de Wout van Aert gewuess an esou ka sech de Belsch virum Tim Wellens an dem Oier Lazkano duerchsetzen.

Beschte Lëtzebuerger ass den Alex Kirsch op der gudder 15. Plaz. De Coureur vu Lidl-Trek hat e Réckstand vun 1 Minutt a 23 Sekonnen. Fir de Bob Jungels ass et manner gutt gelaf. Hien klasséiert sech mat engem Retard vun 2 Minutten 28 Sekonnen op der 98. Plaz.

Beim Omlopp van het Hageland an der Belsch, kennt d‘Christine Majerus an der selwechter Zäit wéi d‘Gewënnerin Kristen Faulkner aus den USA op déi ganz gutt 9. Plaz.

D'Top 10

1 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike 4:21:01
2 WELLENS Tim UAE Team Emirates ,,
3 LAZKANO Oier Movistar Team ,,
4 LAPORTE Christophe Team Visma | Lease a Bike 1:23
5 EEKHOFF Nils Team dsm-firmenich PostNL ,,
6 JEANNIÈRE Emilien TotalEnergies ,,
7 LAMPERTI Luke Soudal - Quick Step ,,
8 TAMINIAUX Lionel Lotto Dstny ,
9 MAYRHOFER Marius Tudor Pro Cycling Team ,,
10 STUYVEN Jasper Lidl – Trek ,,

15 KIRSCH Alex Lidl – Trek 1:23
98 JUNGELS Bob BORA – hansgrohe 2:28