One Cycling - Wéi e Projet de Vëlossport reforméiere wëll

© AFP
Déi lescht Méint ginn et ëmmer nees Rumeuren iwwert eng méiglech Reform am internationale Cyclissem.
Wat stécht hannert dem Projet "One Cycling"?
Am Vëlossport gëtt vu verschiddenen Ekippen un enger Reform vum Geschäftsmodell geschafft. Bis elo sinn déi meescht Coursse live um Free TV op der Tëlee ze kucken, d'Supporter mussen op der Plaz keng Entrée bezuelen an d'Ekippe sinn net un den TV-Rechter bedeelegt. D'Sponsoren op den Trikote finanzéieren de Budget.
De Projet "One Cycling" wëllt dat lo änneren. Et erwaart ee sech eng méi gerecht Verdeelung vum Benefice an en neie Course-Kalenner, bei deem déi grouss Stare méi dacks géintenee fueren. Dat Ganzt soll duerch e saudiarabeschen Investmentfong mat 250 Milliounen Euro ënnerstëtzt ginn. Fir datt de Projet e Succès gëtt, mussen awer souwuel d'Organisateuren an och d'Majoritéit vun den Ekippe matschaffe wëllen.
Eng Partie Top-Ekippen, dorënner Visma, Lidl Trek a Bora - hansgrohe stinn hannert dësem Projet. 250 Milliounen Euro soll den Investmentfong (PIF) an d'Sportaart investéieren, et ass iwweregens dee selwecht Fong, deen och Newcastle United am Futtball kaf huet an deem de Veräin gehéiert.
Explikatioune vum Vëlosexpert Tom Flammang
De Jeff Kettenmeyer huet mam RTL-Vëlosexpert Tom Flammang iwwert dëse Projet geschwat a wéi d'Situatioun aktuell am Cyclissem ass.