Den Tadej Pogacar gewënnt no Solo iwwer 81 Kilometer

© AFP
Op der 18. Editioun vun der Strade Bianche stounge fir d'Coureuren zu Siena an Italien ronn 215 Kilometer um Programm.
Op de "wäisse Stroossen" an der Toskana huet den Tadej Pogacar seng exzellent Form op en Neist ënner Beweis gestallt. Ronn 81 Kilometer viru Schluss huet de Slowen eng Attack aus dem Peloton lancéiert bei där keen anere Coureur matgaangen ass.
Ma seng Avance op de Peloton sollt ëmmer méi grouss ginn, an dat ouni dass ee Verfolgergrupp méi no komme konnt. 60 Kilometer virun der Arrivée louch dem Pogacar säi Virsprong bei 2 Minutten an 30 Sekonnen. Géint de Slowen war och an der Suite kee Kraut gewuess, soudass hien 20 Kilometer viru Schluss eng Avance vun 3:30 Minutten hat.
Hie setzt sech um Enn mat engem däitleche Virsprong vun 2 Minutten a 44 Sekonnen duerch. Et ass zugläich déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Course, dass d'Avance vum Vainqueur bei iwwer 42 Sekonnen läit.Op déi zweet Plaz huet den Toms Skujins aus Lettland gepackt, dat e puer Sekonne virum Belsch Maxim van Gils. Mam Thomas Pidcock huet de Gewënner vum leschte Joer de Podium als 4. ëm ronn eng Minutt verpasst.
De Luc Wirtgen war iwwerdeem als eenzege Lëtzebuerger mat un den Depart gaangen. An enger schwéierer Course huet hien et op déi 31. Plaz gepackt.
D'Top 10 bei den Hären
1 POGACAR Tadej UAE Team Emirates 5:19:45
2 SKUJIŅŠ Toms Lidl - Trek +2:44
3 VAN GILS Maxim Lotto Dstny +2:47
4 PIDCOCK Thomas INEOS - Grenadiers +3:50
5 MOHORIC Matej Bahrain - Victorious +4:26
6 COSNEFROY Benoît Decathlon AG2R La Mondiale Team +4:39
7 FORMOLO Davide Movistar Team +4:41
8 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ +4:48
9 ZANA Filippo Team Jayco AlUla +4:49
10 LAPORTE Christophe Team Visma | Lease a Bike +5:17
...
31 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team +10:11
Dammen
Bei den Damme gouf et bei der 10. Editioun iwwer 137 Kilometer eng Victoire fir d'Lotte Kopecky. D'Belsch hat schonns 2022 gewonnen a war am vergaangene Joer hannert hirer Teamkolleegin Demi Vollering op déi zweete Plaz komm.
Op dëser 10. Editioun konnt d'Kopecky sech e puer Sekonne virum Elisa Longo Borghini duerchsetzen. Komplettéiert gouf de Podium vum Demi Vollering mat engem Retard vu 26 Sekonnen op d'Gewënnerin.
D'Nina Berton war an der Toskana als eenzeg Lëtzebuergerin um Depart. Genausou wéi eng sëllegen aner Coureusen ass si d'Course awer net op en Enn gefuer.
D'Top 10 bei den Dammen
1 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 3:55:43
2 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek +0:04
3 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime +0:26
4 MIEWEIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
5 VAN ANROOIJ Shirin Lidl - Trek +0:40
6 FAULKNER Kristen EF Education-Cannondale +0:41
7 MARKUS Riejanne Team Visma | Lease a Bike +1:01
8 CHABBEY Elise Canyon//SRAM Racing +1:54
9 VOS Marianne Team Visma | Lease a Bike ,,
10 MUZIC Évita FDJ - SUEZ ,,