Roglic oder Evenepoel? Lëtzebuerger Champion Alex Kirsch muss Forfait erklären
Vun e Sonndeg u gëtt nees Paris-Nice gefuer. Bei der 82. Editioun sinn dräi Lëtzebuerger Coureuren um Depart.
Dat sinn de Bob Jungels, de Kevin Geniets an den Arthur Kluckers. Den Alex Kirsch hätt de véierte solle sinn, mee hien ass no Kuurne-Bréissel-Kuurne krank ginn a muss deemno op en Depart verzichten.
Ouni den Tadej Pogacar an de Jonas Vingegaard, déi allebéid dest Joer en anere Coursë-Programm fueren, réckelen de Primoz Roglic an de Remco Evenepoel an d'Favoritteroll. De Roglic fiert mat Paris-Nice seng éischte Course vun der Saison a konnt dës Course 2022 gewannen, de Bob Jungels dierft deemno iwwer déi nächst 8 Deeg genuch Aarbecht kréien. De Remco Evenepoel huet Mëtt Februar schonn den Tour duerch d'Algarve gewonnen a sech eng Top 3 Placéierung als Zil gesat.
Och fir de Kevin Geniets dierft et eng interessant Woch ginn, de Coureur vu Groupama - FDJ ass excellent an d'Saison gestart an iwwer déi lescht Wochen a ganz gudder Form. Mam David Gaudu huet d'Ekipp vum Geniets den Zweetplacéierte vun der leschter Editioun an hire Réien.
Fir den Arthur Kluckers ass et an der Ekipp Tudor Pro Cycling déi éischte Kéier, datt ee bei dëser Course dobäi ass. Si wäerte probéiere mam erfuerene Matteo Trentin als Kapitän op eng Etappevictoire ze fueren.
D'Course selwer dierft vun Ufank u wéi gewinnt nervös ginn, mat de Wiederkonditiounen déi op den éischten Etappen ëmmer nees fir Onrou suergen, engem Ekippenzäitfueren um 3. Dag a Richtung nächstem Weekend dann de schwéieren Etappen am Süde vu Frankräich mat vill Héichtemeter. Hei wäert d'Entscheedung falen, wien dës Editioun gewënnt.
D'Course kënnt Dir vun e Sonndeg un op RTL live suivéieren.