Victoire fir den Olav Kooij

© Jasper Jacobs/BELGA MAG/Belga via AFP
De jonken Hollänner huet sech am Sprint virum Mads Pedersen an dem Laurence Pithie duerchgesat. De Bob Jungels an de Kevin Geniets sinn am Peloton ukomm.
Um Sonndeg stoung déi éischt liicht hiwweleg Etapp vu Paris-Nice mat Start an Zil zu Les Mureaux um Programm. Et goung dobäi iwwer 157,7 Kilometer an 3 Bierger vun der 3. Kategorie.
Gewonnen huet um Enn den Olav Kooij (Visma | Lease a Bike) am Sprint aus engem Peloton wou nach 64 Cyclisten dra waren. De Mads Pedersen (Lidl-Trek) an de Laurence Pithie (Groupama - FDJ) hu sech op de Plazen 2 an 3 klasséiert. De Bob Jungels an de Kevin Geniets sinn zäitgläich mam Gewënner op der 22. an der 58. Plaz iwwer d'Arrivée gefuer. Den Arthur Kluckers hat als 151. e Retard vu 6 Minutten an 38 Sekonnen op de Vainqueur.
Am General iwwerhëlt den Olav Kooij och de Maillot jaune. De Mads Pedersen ass do op der 2. Plaz. Op der drëtter Plaz ass duerch d'Bonifikatioune wärend der Etapp de Matteo Jorgenson.
De Replay vun der Etapp fannt Dir op RTL Play.
D'Etapp gouf vun enger Echappée vun 3 Cycliste (Bissegger, Rutsch a Burgaudeau) gepräägt, déi awer ronn 39 Kilometer virun der Arrivée agefaange goufen. De Peloton blouf bis an déi lescht 20 Kilometer zesummen éier an de leschten Hiwwele kleng Cassuren entstane sinn. Ronn 15 Kilometer virun der Arrivée hat de Fabio Jakobsen e Réckstand vun enger Minutt an 20 Sekonnen. De Kevin Geniets an de Bob Jungels waren an der Schlussphas ëmmer nees ze gesinn, fir hir Kapitänen an enger gudder Positioun ze halen. 13 Kilometer virun der Arrivée huet den Egon Bernal probéiert fortzekommen, den Evenepoel huet nogesat, mee richteg léise konnt kee sech aus dem Peloton, wou an de leschten 10 Kilometer nach ronn 60 Cyclisten dra waren. Kuerz drop huet den Anthony Turgis (TotalEnergies) eng seck Attack gestart an hat séier eng Avance vu 15 Sekonnen. De Fransous gouf awer 2 Kilometer virun der Zillinn agefaangen. Am Sprint huet de Kooij d'Iwwerhand behalen a sech virum Mads Pedersen duerchgesat.
D'Klassement vun der Etapp
1 KOOIJ Olav Team Visma | Lease a Bike 3:36:28
2 PEDERSEN Mads Lidl - Trek ,,
3 PITHIE Laurence Groupama - FDJ ,,
4 EEKHOFF Nils Team dsm-firmenich PostNL ,,
5 MIHKELS Madis Intermarché - Wanty ,,
6 MATTHEWS Michael Team Jayco AlUla ,,
7 TRENTIN Matteo Tudor Pro Cycling Team ,,
8 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek ,,
9 DUJARDIN Sandy TotalEnergies ,,
10 GROVES Kaden Alpecin - Deceuninck ,,
...
22 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe ,,
58 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
151 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team +6:38
De General
1 KOOIJ Olav Team Visma | Lease a Bike 3:36:18
2 PEDERSEN Mads Lidl - Trek +0:04
3 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike ,,
4 PITHIE Laurence Groupama - FDJ +0:06
5 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step ,,
6 BERNAL Egan INEOS Grenadiers +0:08
7 EEKHOFF Nils Team dsm-firmenich PostNL +0:10
8 MIHKELS Madis Intermarché - Wanty ,,
9 MATTHEWS Michael Team Jayco AlUla ,,
10 TRENTIN Matteo Tudor Pro Cycling Team ,,
...
23 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +0:10
58 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
151 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team +6:48