Arvid de Kleijn wënnt am Sprint, Laurence Pithie neie Leader
Op der zweeter Etapp vu Paris-Nice goung et iwwer 177,6 flaach Kilometer vun Thoiry op Montargis.
Um Enn gouf et am Sprint eng iwwerraschend Victoire vum Hollänner Arvid de Kleijn. De Co-Equipier vum Arthur Kluckers konnt sech virum Laurence Pithie an dem Dylan Groenewegen behaapten. De Bob Jungels ass als 54. an der nämmlechter Zäit ewéi de Gewënner iwwer de wäisse Stréch gefuer. Den Arthur Kluckers gouf den 111. op an de Kevin Geniets den 122., béid an der selwechter Zäit wéi de Gewënner. Dëst gouf no der Course ugepasst, si ware Ufanks mat engem Retard vu 14 Sekonne gelëscht ginn.
Am General ass dem Kevin Geniets säi Co-Equipier Laurence Pithie elo virop. Den Australier ass zäitgläich mam Mads Pedersen an Olav Kooij. Hei ass de Bob Jungels als 23. mat engem Retard vun 10 Sekonnen de beschte Lëtzebuerger.
Klassement vun der 2. Etapp
1 ARVID DE KLEIJN 212 TUDOR PRO CYCLING TEAM
2 LAURENCE PITHIE 15 GROUPAMA-FDJ
3 DYLAN GROENEWEGEN 83 TEAM JAYCO ALULA
4 DANNY VAN POPPEL 6 BORA - HANSGROHE
5 GERBEN THIJSSEN 191 INTERMARCHÉ - WANTY
6 SAM BENNETT 73 DECATHLON AG2R LA MONDIALE TEAM
7 DRIES VAN GESTEL 207 TOTALENERGIES
8 MADS PEDERSEN 61 LIDL-TREK
9 PASCAL ACKERMANN 182 ISRAEL - PREMIER TECH
10 MATTEO SOBRERO 5 BORA - HANSGROHE
De General
1 LAURENCE PITHIE 15 GROUPAMA-FDJ
2 MADS PEDERSEN 61 LIDL-TREK
3 OLAV KOOIJ 45 TEAM VISMA | LEASE A BIKE
4 MATTEO JORGENSON 41 TEAM VISMA | LEASE A BIKE 0:04
5 REMCO EVENEPOEL 21 SOUDAL QUICK-STEP 0:04
6 EGAN BERNAL 51 INEOS GRENADIERS 0:08
7 MATTIAS SKJELMOSE 66 LIDL-TREK 0:08
8 KADEN GROVES 171 ALPECIN-DECEUNINCK 0:10
9 SAM BENNETT 73 DECATHLON AG2R LA MONDIALE TEAM 0:10
10 JON BARRENETXEA GOLZARRI 152 MOVISTAR TEAM 0:10