UAE Team Emirates gewënnt Ekippenzäitfueren

© AFP
Op der 3. Etapp vu Paris-Nice stoung en Ekippenzäitfueren iwwer 26,9 Kilometer ronderëm d'Stad Auxerre um Programm.
D'Ekipp UAE Team Emirates huet de séierste Chrono realiséiert, dat 15 Sekonne virum Team Jayco AlUla an 20 Sekonne virun EF Education - EasyPost. BORA - hansgrohe mam Bob Jungels koum op déi 11. Plaz op 54 Sekonnen, Groupama - FDJ mam Kevin Geniets haten als 14. e Retard vun 1 Minutt an 1 Sekonn an Tudor Pro Cycling Team mam Arthur Kluckers klasséiere sech als 16. op 1 Minutt an 12 Sekonnen.
Am General ass de Brandon McNulty elo den neie Leader. Den US-Amerikaner ass zäitgläich mat sengen Teamkomerode Finn Fischer-Black, Joao Almeida an Jay Vine. Hei ass de Kevin Geniets de 44. op 1 Minutt a 26 Sekonnen, de Bob Jungels den 93. op 5 Minutten an 23 Sekonnen an den Arthur Kluckers den 129. op 8 Minutten a 55 Sekonnen.
Klassement vun der 3. Etapp
1 UAE TEAM EMIRATES 00H 31' 23'' - -
2 TEAM JAYCO ALULA 00H 31' 38'' + 00H 00' 15'' -
3 EF EDUCATION - EASYPOST 00H 31' 43'' + 00H 00' 20'' -
4 SOUDAL QUICK-STEP 00H 31' 45'' + 00H 00' 22'' -
5 INEOS GRENADIERS 00H 31' 45'' + 00H 00' 22'' -
6 TEAM VISMA | LEASE A BIKE 00H 32' 01'' + 00H 00' 38'' -
7 ASTANA QAZAQSTAN TEAM 00H 32' 02'' + 00H 00' 39'' -
8 DECATHLON AG2R LA MONDIALE TEAM 00H 32' 02'' + 00H 00' 39'' -
9 COFIDIS 00H 32' 02'' + 00H 00' 39'' -
10 BAHRAIN VICTORIOUS 00H 32' 05'' + 00H 00' 42'' -
General no der 3. Etapp
1 BRANDON MCNULTY 34 UAE TEAM EMIRATES
2 FINN FISHER - BLACK 32 UAE TEAM EMIRATES
3 JOAO ALMEIDA 31 UAE TEAM EMIRATES
4 JAY VINE 37 UAE TEAM EMIRATES
5 MICHAEL MATTHEWS 81 TEAM JAYCO ALULA 0:15
6 CHRIS HARPER 84 TEAM JAYCO ALULA 0:15
7 LUCAS PLAPP 86 TEAM JAYCO ALULA 0:15
8 REMCO EVENEPOEL 21 SOUDAL QUICK-STEP 0:18
9 OWAIN DOULL 133 EF EDUCATION - EASYPOST 0:20
10 EGAN BERNAL 51 INEOS GRENADIERS 0:20