Vos wënnt bei den Dammen, Pidcock bei den Hären
Iwwer 253,6 Kilometer geet et vu Maastricht op Berg en Terblijt. D'Damme hunn de selwechte Start- an Ziluert, d'Streck ass awer méi kuerz.
Hären
Eng Echappée hat sech de gréissten Deel vun der Course ofgesat, ma 35 Kilometer viru Schluss war hir Avance esou kléng, datt et Konterattacken aus dem Peloton op d'Spëtzepositioune gouf. Esou huet sech Vir eng gréisser Grupp mat enger Dose Coureuren zesummefonnt, déi 25 Kilometer viru Schluss knapp 36 Sekonnen Avance op de Peloton mat de Favoritten haten, an deem och de Bob Jungels dobäi war. Ëmmer nei Attacken hunn dann dofir gesuergt, datt d'Spëtzt vun dëser Course ëmmer méi kleng ginn ass. Véier Leit hate sech zesummen op déi leschte Kilometer gemaach, ma de Grupp dohannert wollt net opginn. Just Meter hannert dem Spëtzequartett koum den zweete Grupp vun der Echappée zum Schluss iwwert d'Linn a krut esouguer nach déi selwecht Zäit opgeschriwwen. De Peloton mam Bob Jungels hat e 11 Sekonne Retard op de Gewënner Thomas Pidcock, deen no 5 Stonnen an 58 Minutten als éischten iwwert d'Arrivée gefuer ass, virum Marc Hirschi an dem Tiesj Benoot.
Déi ganz Course kënnt Dir Iech hei nach emol ukucken.
Dammen

© Photo by Marcel van Hoorn / AFP
D'Marianne Vos konnt sech zum Schluss vun der Course am Sprint duerchsetzen, datt virum Lorena Wiebes an dem Ingvild Gaskjenn. Ganzer 22 Cyclistinne koume quasi zesummen un. Si hu ronn zwou Stonnen a 35 Minutte gebraucht fir déi 101,4 Kilometer vu Maastricht op Berg en Terblijt. Déi eenzeg Lëtzebuergerin an der Coure Liv Wenzel ass mat engem Retard vun 8 Minutten a 36 Sekonnen als 117 iwwert d'Arrivée gefuer. Am Ganze sinn 122 Sportlerinnen ukomm, 16 hunn der opginn, zwee waren ausserhalb vun der Karenzzäit.
D'Klassement
Hären
1 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers 5:58:17
2 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates ,,
3 BENOOT Tiesj Team Visma | Lease a Bike ,,
4 VANSEVENANT Mauri Soudal Quick-Step ,,
5 LAPEIRA Paul Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
6 MADOUAS Valentin Groupama - FDJ ,,
7 MOLLEMA Bauke Lidl - Trek ,,
8 PACHER Quentin Groupama - FDJ ,,
9 BILBAO Pello Bahrain - Victorious ,,
10 MATTHEWS Michael Team Jayco AlUla 0:11
...
33 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 0:11
Dammen
1 VOS Marianne Team Visma | Lease a Bike 2:35:02
2 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime ,,
3 GÅSKJENN Ingvild Liv AlUla Jayco ,,
4 GEORGI Pfeiffer Team dsm-firmenich PostNL ,,
5 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek ,,
6 GASPARRINI Eleonora Camilla UAE Team ADQ ,,
7 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Team ,,
8 KRAAK Amber FDJ - SUEZ ,,
9 KASTELIJN Yara Fenix-Deceuninck ,,
10 PALADIN Soraya Canyon//SRAM Racing ,,
...
117 WENZEL Liv Hess Cycling Team 8:36