Op der éischter Etapp vum Giro d'Italia setzt sech de Jhonatan Narvaez virum Maximilian Schachmann an dem Tadej Pogacar am Sprint duerch.

Op der éischter Etapp vum 107. Giro d'Italia gouf et eng Victoire fir de Jhonatan Narvaez vun Ines Grenadiers. De Coureur aus dem Ecuador setzt sech am Sprint virum däitsche Maximilian Schachmann an dem Tadej Pogacar, dem sloweeneschen Toppfavorit op den Giro, duerch. Hien iwwerhëlt domat och de Rosa Maillot vum Gesamtleader. Den Narvaez ass den zweeten Ecuadorianer nom Richard Carapaz 2019, dee Leader am Giro d'Italia ass.

Ganz am Ufank vun den 140 Kilometer vu Venaria Reale op Turin hat sech eng Echappée mat enger Rëtsch Coureuren ofgesat. Am weidere Verlaf ass d'Zuel vun den Ausräisser méi kleng ginn an d'Avance ass op maximal 6 Minutte gewuess. Virun der leschter Montée op de Colle della Maddalena huet de Peloton de Réckstand op d'Echappée ëm iwwer 4 Minutte reduzéiert an hat se op der Kopp bal agefaangen.

An der Descente a Richtung Turin konnt sech e Grupp vun 8 Coureuren ofsetzen, an där sech den Nicola Conci eng Avance op déi aacht aner erausfuere konnt. Dës Avance sollt awer just bis 3 Kilometer virun der Arrivée halen. Duerno huet sech den Trio Pogacar-Schachmann-Narvaez dovugemaach. D'Entscheedung tëscht deenen dräi ass am Sprint gefall, wou de Jhonatan Narvaez déi séierst Been hat a sech virum Pogacar an dem Schachmann duerchsetzt.

Aus Lëtzebuerger Siicht ass de Michel Ries bei dëser Editioun vum Giro d'Italia um Depart. De 26 Joer ale Lëtzebuerger gëtt op der éischter Etapp den 58. op 4 Minutten an 39 Sekonnen.

D'Klassement vun der Etapp

1 NARVÁEZ Jhonatan 3:14:23
2 SCHACHMANN Maximilian ,,
3 POGAČAR Tadej ,,
4 BAUDIN Alex 0:06
5 CONCI Nicola 0:10
6 HERMANS Quinten ,,
7 VANSEVENANT Mauri ,,
8 TIBERI Antonio ,,
9 VALTER Attila ,,
10 THOMAS Geraint ,,
...
58 RIES Michel 4:39