Frank Schleck mat de Lëtzebuerger Junioren ënnerwee

© AFP (Archiv)
Nodeems den Ardenneklassiker bei de Profien den 21. Abrëll um Programm stoung, war et dëse Weekend um Tour vun de Junioren.
Zanter e puer Joer ass de Frank Schleck bei der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun als Coordinateur du Cyclisme engagéiert. Dacks gesäit een de fréiere Profi als Directeur sportif mat den Nationalekippen op de Courssen. Dat war e Samschdeg bei Léck-Baaschtnech-Léck vun de Junioren net anescht. De Frank Schleck stoung bei la Doyenne dräi Mol um Podium, 2011 souguer zesumme mat sengem Brudder Andy. Och wann hien d'Course ni selwer konnt gewannen, sou kann hien awer mat senger grousser Erfarung déi jonk Coureuren ënnerstëtzen.
Bei der 4. Editioun vu Léck-Baaschtnesch-Léck waren e Samschdeg 6 Lëtzebuerger mat dobäi. 146 Coureure waren um Depart an um 137 Kilometer laange Parcours mat der Arrivée an der Côte de la Redoute waren eng ganz Rei schwéier Bierger dran. Keen einfachen Dag deemno fir déi jonk FSCL-Ekipp. Um Enn hunn dräi vun de sechs Lëtzebuerger d'Arrivée gesinn. De Flavio Astolfi klasséiert sech als 55., de Yannis Lang ass den 58. ginn an de Lenn Schmitz ass als 94. ukomm. D'Course gouf vum franséischen Nowuesstalent Paul Seixas gewonnen. Hei dem Frank Schleck seng Analys no der Course.