Joël Adams op der 27. Plaz am Zäitfueren

© Fabyluce
De Para-Cyclist Joël Adams ass beim UCI-Para Cycling Weltcup zu Ostende mat Plaz 27 am Zäitfueren a seng international Saison gestart.
Wéinst Stuerm a Reen misst d'Zäitfueren ufanks verréckelt ginn a gouf duerno op enger méi kuerzer Streck gefuer. A senger Klass C5 ass de Joël dobäi op déi 27. Plaz komm.
An der Course op der Strooss, déi ronn 90 Kilometer laanscht d'Küst ausgedroe gouf, huet de Joël Adams fréizäiteg missten opginn. "D'Konditioune beim Zäitfuere waren net einfach. Ech si frou, datt mir am Virfeld nach dat eent oder anert optiméiere konnten, soss wier den Ofstand zu deenen éischten nach méi grouss gewiescht. Ech hunn alles ginn, mee ech hat keng Kraaft méi", seet hien.
An zwou Woche wäert de Joël Adams am italieenesche Maniago op Punktejuegd goen, dat en Vue vun de Paralympesche Spiller zu Paräis.