Nom Roudag um Méindeg goung et en Dënschdeg op der 10. Etapp vum Giro d'Italia iwwer 142 Kilometer vu Pompei op Bocca della Selva.

D'Arrivée war uewenaus op engem Bierg vun der 1. Kategorie an do konnt sech de Valentin Paret-Peintre aus enger Echappée eraus en solitaire duerchsetzen. De Fransous gewënnt mat 30 Sekonnen Avance op säi Landsmann Romain Bardet. Drëtte gëtt de Jan Tratnik op 1 Minutt. De Grupp mat de Favoritten hat e Retard vun 3 Minutten a 14 Sekonnen. De Michel Ries ass als 32. mat engem Réckstand vu 4 Minutten a 35 Sekonnen iwwer de wäisse Stréch gefuer.

Am General läit weiderhin den Tadej Pogacar souverän op der éischter Plaz. Den Daniel Felipe Martinez ass den Zweeten op 2 Minutten a 40 Sekonnen an den Geraint Thomas den Drëtten op 2 Minutten an 58 Sekonnen. Hei läit de Michel Ries elo op der 26. Plaz, dat op 26 Minutten an 9 Sekonnen.

D'Klassement vun der 10. Etapp

1 PARET-PEINTRE Valentin Decathlon AG2R La Mondiale Team 3:43:50
2 BARDET Romain Team dsm-firmenich PostNL 0:30
3 TRATNIK Jan Team Visma | Lease a Bike 1:00
4 BAGIOLI Andrea Lidl - Trek 1:17
5 PARET-PEINTRE Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team 1:24
6 GESCHKE Simon Cofidis ,,
7 ZANA Filippo Team Jayco AlUla ,,
8 POZZOVIVO Domenico VF Group - Bardiani CSF - Faizanè ,,
9 CONCI Nicola Alpecin - Deceuninck 1:41
10 CHAVES Esteban EF Education - EasyPost 1:56

D'Generalklassement

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 36:48:08
2 MARTÍNEZ Daniel Felipe BORA - hansgrohe 2:40
3 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 2:58
4 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 3:39
5 UIJTDEBROEKS Cian Team Visma | Lease a Bike 4:15
6 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 4:27
7 BARDET Romain Team dsm-firmenich PostNL 4:57
8 FORTUNATO Lorenzo Astana Qazaqstan Team 5:19
9 ZANA Filippo Team Jayco AlUla 5:23
10 RUBIO Einer Movistar Team 5:28