Derek Gee gewënnt an ass neie Leader am General
Op der drëtter Etapp vum Critérium du Dauphiné goung et en Dënschdeg iwwer 187,7 Kilometer vu Celles-sur-Durolle op Les Estables.
D'Echappée vum dag gouf ronn 2,5 Kilometer virun der Arrivée (an der leschter Schwieregkeet vum Dag) vum Peloton ageholl. D'Arrivée war uewenaus op engem Bierg vun der 3. Kategorie, der Côte des Estables. An hei hat den Derek Gee déi beschte Been. De Kanadier gewënnt virum Romain Grégoire an dem Lukas Nerurkar. De Bob Jungels gouf den 69. op 1 Minutt an 21 Sekonnen, de Kevin Geniets klasséiert sech als 84. mat engem Retard vun 1 Minutt a 47 Sekonnen an den Alex Kirsch als 129. op 7 Minutten a 25 Sekonnen.
Den Derek Gee ass dann elo och den neie Leader am General. Hien huet hei 3 Sekonnen Avance op de Magnus Cort Nielsen. De Romain Grégoire ass den 3. op 4 Sekonnen. Hei ass de Bob Jungels de 85. op 11 Minutten an 53 Sekonnen, de Kevin Geniets den 88. op 12 Minutten an 19 Sekonnen an den Alex Kirsch huet als 143. e Retard vun 22 Minutten an 13 Sekonnen.
Klassement vun der Etapp
1 GEE Derek Israel - Premier Tech 4:22:18
2 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ 0:00
3 NERURKAR Lukas EF Education - EasyPost 0:03
4 CICCONE Giulio Lidl - Trek 0:03
5 TEJADA Harold Astana Qazaqstan Team 0:03
6 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious 0:03
7 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe 0:03
8 CHAMPOUSSIN Clément Arkéa - B&B Hotels 0:03
9 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 0:03
10 ROGLIČ Primož BORA - hansgrohe 0:03
General no der Etapp
1 GEE Derek Israel - Premier Tech
2 CORT Magnus Uno-X Mobility 0:03
3 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ 0:04
4 ROGLIČ Primož BORA - hansgrohe 0:07
5 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 0:09
6 NERURKAR Lukas EF Education - EasyPost ,,
7 CHAMPOUSSIN Clément Arkéa - B&B Hotels 0:13
8 CICCONE Giulio Lidl - Trek ,,
9 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers ,,
10 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe ,,