Weider Victoire fir Fidanza, Plaz 37 fir d'Christine Majerus

© Arne Mill / T.RF Sportmarketing
E Mëttwoch ass et bei der Lotto Thüringen Ladies Tour iwwer 144 Kilometer vun Erfurt op Erfurt gaangen.
D'Martina Fidanza huet en Donneschdeg déi 3. Etapp vun der Lotto Thüringen Ladies Tour am Massesprint gewonnen. D'Italienerin huet sech virun hirer Landsfra Barbara Guarischi an der Kanadierin Maggie Coles-Lyster behaapt.
D'Christine Majerus an d'Nina Berton sinn an der nämmlechter Zäit wéi d'Gewënnerin als 37. respektiv 62. iwwer de wäisse Stréch gefuer. D'Marie Schreiber hat als 73. e Réckstand vun 13 Sekonnen.
Am General läit d'Belsch Margot Vanpachtenbeke a Féierung. Si huet eng Avance vu 4 Sekonnen op d'US-Amerikanerin Ruth Edwards. Op der drëtter Plaz huet d'Kanadierin Maggie Coles-Lyster e Réckstand vun 2 Minutten a 44 Sekonnen.
Vun de Lëtzebuergerinnen ass d'Christine Majerus am beschte placéiert. Si huet als 25. e Retard vun 2 Minutten an 48 Sekonnen. D'Nina Berton läit als 36. 3 Minutten an eng Sekonn hannert der Leaderin. Fir d'Marie Schreiber ass et den Ament déi 50. Plaz op 4 Minutten an 51 Sekonnen.
D'Resultat vun der Etapp
1 FIDANZA Martina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 3:33:17
2 GUARISCHI Barbara Team SD Worx - Protime ,,
3 COLES-LYSTER Maggie Roland ,,
4 SWINKELS Karlijn UAE Team ADQ ,,
5 VAN ROOIJEN Sofie VolkerWessels Women's Pro Cycling Team ,,
6 BRAND Lucinda Lidl - Trek ,,
7 JANSEN Eline VolkerWessels Women's Pro Cycling Team ,,
8 VEENHOVEN Nienke Netherlands ,,
9 AHTOSALO Anniina Uno-X Mobility ,,
10 COLLINELLI Sofia Roland ,,
...
37 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,
62 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
73 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime 0:13
De General
1 VANPACHTENBEKE Margot VolkerWessels Women's Pro Cycling Team 9:40:31
2 EDWARDS Ruth Human Powered Health 0:04
3 COLES-LYSTER Maggie Roland 2:44
4 RIEDMANN Linda Germany ,,
5 SWINKELS Karlijn UAE Team ADQ ,,
6 BREDEWOLD Mischa Team SD Worx - Protime ,,
7 LACH Marta CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
8 CONFALONIERI Maria Giulia Uno-X Mobility ,,
9 PERKINS Flora Fenix-Deceuninck 2:48
10 CROMWELL Tiffany Canyon//SRAM Racing ,,
...
25 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 2:48
36 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime 3:01
50 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 4:51