Op der 9. Etapp ass et iwwer 199 Kilometer vun Troyes op Troyes gaangen.

Déi éischt Gravel-Etapp am Tour de France huet de Coureuren e Sonndeg alles ofverlaangt. Vun der éischter bis déi lescht Minutt gouf et keng roueg Minutt an d'Situatioun an der Course huet permanent geännert.

Dee beschte Coureur iwwer déi 199 Kilometer, mat 32 Kilometer iwwer Feldweeër opgedeelt op 14 Gravel-Secteuren, war um Enn den Anthony Turgis. De Fransous huet sech am Sprint aus engem Spëtzegrupp eraus virum Thomas Pidcock an dem Derek Gee behaapt.

Bis 800 Meter virun der Arrivée hat et nach no enger Victoire vum Jasper Stuyven ausgesinn. De Belsch hat 10 Kilometer virun der Arrivée aus dem Spëtzegrupp eraus attackéiert a war 800 Meter virun der Arrivée nach agefaangen ginn.

De Groupe Maillot Jaune mat de weidere Spëtzeleit ass mat engem Retard vun enger Minutt a 46 Sekonnen ukomm. Am Grupp vun de Favoritten op d'Schlussvictoire gouf et ëmmer nees Attacken, ma um Enn sinn Tadej Pogacar, Jonas Vingegaard, Primoz Roglic a Co. zäitgläich iwwer d'Arrivée gefuer. De Kevin Geniets ass och an dësem Grupp als 42. ukomm. De Bob Jungels ass den 78. op 9 Minutten an 18 Sekonne ginn.

Am General bleift den Tadej Pogacar un der Spëtzt. Hien huet eng Avance vun 33 Sekonnen op de Remco Evenepoel. Drëtten ass de Jonas Vingegaard op eng Minutt a 15 Sekonnen.

De Bob Jungels läit den Ament op der 58. Plaz op iwwer 43 Minutten an de Kevin Geniets ass de 65. op iwwer 50 Minutten.

E Méindeg ass den éischte Roudag an dësem Tour de France.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

Resultat

1 TURGIS Anthony TotalEnergies 4:19:43
2 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers ,,
3 GEE Derek Israel - Premier Tech ,,
4 ARANBURU Alex Movistar Team ,,
5 HEALY Ben EF Education - EasyPost ,,
6 LUTSENKO Alexey Astana Qazaqstan Team ,,
7 ROMO Javier Movistar Team 0:12
8 STUYVEN Jasper Lidl - Trek 0:18
9 GIRMAY Biniam Intermarché - Wanty 1:17
10 MATTHEWS Michael Team Jayco AlUla ,,
...
42 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:46
78 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 9:18

General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 35:42:42
2 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 0:33
3 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 1:15
4 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 1:36
5 AYUSO Juan UAE Team Emirates 2:16
6 ALMEIDA João UAE Team Emirates 2:17
7 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 2:31
8 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 3:35
9 GEE Derek Israel - Premier Tech 4:02
10 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 4:03
...
58 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 43:47
65 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 50:21