E Méindeg war den éischte Roudag vum Tour de France. An deen ass och batter néideg.

Déi éischt 9 Etappen haten et nämlech a sech. Dat hat mam éischte Grand Départ an Italien ze dinn. Op der éischter Etapp huet de Romain Bardet d'Favoritten nach iwwerrascht, an et louchen owes nëmmen nach 52 Coureure bannent enger Minutt. Och déi zweet Etapp gouf duerch de Kevin Vaquelin aus enger Echappée eraus gewonnen.

D'Klassementsfuerer hu sech awer net aus den Ae verluer. Den Tadej Pogacar war e bëssen onfräiwëlleg a Giel. De Gewënner vum Giro huet op der Biergetapp vu Pinerolo op Valloire eescht gemaach a senge Konkurrenten iwwert de Galibier ewech ronn eng hallef Minutt ofgeholl. No de 25,3 Kilometer géint Zäit huet de Remco Evenepoel déi 7. Etapp knapp gewonnen, mä de Pogacar huet weider Sekonnen op de Primoz Roglic an de Jonas Vingegaard guttgemaach. Den Tadej Pogacar schéngt och um Sonndeg op der Graveletapp ronderëm Troyes dee stäerkste gewiescht sinn. Um Enn sinn d'Favoritte mateneen ukomm. De Bouquet krut den Anthony Turgis. Eng sauer Etapp, op där de Bob Jungels erëm vill fir seng Ekipp Red Bull-BORA-hansgrohe geschafft huet. De Lëtzebuerger ass am General aktuell den 58. op 43 Minutten an 47 Sekonne Retard op de Pogacar.

An enger Biergetapp kéint sech eng Chance fir de Bob Jungels bidden, sou den Alex Kirsch. Aus enger Echappée eraus kéint hien eng Relaisstatioun fir säi Leader sinn. oder et selwer probéieren.

Fir de Kevin Geniets gesäit et e bëssen anescht aus. Sai Leader David Gaudu huet seng Hoffnunge fir d'Generalklassement opginn. Deemno ergi sech nei Méiglechkeete fir de 65. vum General, dee mëttlerweil 50 Minutten a 21 Sekonne Retard huet. De Kevin Geniets kéint sech an der zweeter Woch e puer Etappen ukräizen, fir et ze probéieren, seet den Alex Kirsch.

Etappe gewanne kann een awer och am Sprint. Eemol war et de Dylan Groenewegen op der 6. Etapp de séiersten. Dat knapp virum Biniam Girmay. Mä soss war de 24 Joer ale Profi aus Eritrea e bëssen iwwerraschend de stäerkste Sprinter. Hien huet net nëmmen d'Etappen 3 an 8 fir sech entscheet, mä huet och nach de grénge Maillot op senge Schëlleren. De Jonas Abrahamsen dréit iwwerdeems no e puer Echappée de Maillot à Pois vum beschte Biergfuerer.

Déi 5. Etapp war awer dunn historesch. No sengem Comeback mat 39 Joer huet de Mark Cavendish zu Saint-Vulbas eng ganz besonnesch Victoire gefeiert. Et war seng 35. am Tour, eng méi ewéi den Eddy Merckx. Dat ass en neie Rekord.

Déi éischt 1.522,4 Kilometer vun der 111. Editioun vun der Grand Boucle hunn net enttäuscht an den Tour ass nach laang net decidéiert. Et bleift weider spannend.