De Bob Jungels fiert déi nächst zwee Joer fir INEOS-Grenadiers

© AFP
Dat huet déi brittesch Ekipp e Freideg de Moien offiziell matgedeelt.
No zwee Joer bei Bora-Hansgrohe wiesselt den 31 Joer ale Lëtzebuerger, deem säin aktuelle Kontrakt nach bis den 31. Dezember leeft, bei d'Ekipp vun INEOS-Grenadiers.
"Mir hunn eng grouss Zuel un héich talentéierte jonke Coureuren, déi op déi méi Erfueren aus der Ekipp eropkucken, an de Bob wäert e wichtegen Deel als Mentor hunn", sou de Performance Direkter Scott Drawer.
Och de Bob Jungels selwer huet sech op der offizieller Säit vun der Ekipp iwwer säin neie Kontrakt geäussert: "Ech si begeeschtert bei INEOS-Grenadiers ze sinn. Et ass eng Ekipp, déi ech ëmmer bewonnert hunn an déi hei Occasioun ass elo zu engem perfekten Zäitpunkt komm."