De Schwäizer Marc Hirschi ass beim Klassiker als Éischten iwwer d'Arrivée gefuer. Hien huet sech am Sprint virum Julian Alaphilippe duerchgesat.

Um Samschdeg stoung d'Clásica San Sebastián iwwer 236 Kilometer um Programm.

Nodeems de Marc Hirschi (UAE Team Emirates) an de Julian Alaphilippe (Soudal - Quick-Step) sech an der Schlussphas ofgesat haten, konnt den Hirschi sech géint de Fransous am Sprint duerchsetzen. Mat engem Retard vu 7 Sekonnen huet de Belsch Lennert Van Eetvelt (Lotto – Dstny) de Podium komplettéiert. De Michel Ries (ARKEA-B&B HOTELS) war och um Depart, ass d'Course awer net op en Enn gefuer.

D'Klassement vun der Course

1 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates 5:46:12
2 ALAPHILIPPE Julian Soudal Quick-Step ,,
3 VAN EETVELT Lennert Lotto Dstny +0:07
4 VERMAERKE Kevin Team dsm-firmenich PostNL +0:17
5 NARVÁEZ Jhonatan INEOS Grenadiers +0:25
6 POWLESS Neilson EF Education - EasyPost ,,
7 KONRAD Patrick Lidl - Trek ,,
8 WOODS Michael Israel - Premier Tech ,,
9 CHRISTEN Jan UAE Team Emirates +0:36
10 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates +0:37