Grouss Coureuren an héijen Niveau am Skoda Tour, esou Andy Schleck

© Roland Miny
Wärend den Directeur de Course sech iwwert de gudde Platto freet, gesäit de Nationaltrainer Jempy Drucker dat als Chance fir déi jonk Coureuren.
Am RTL-Interview weist sech de Directeur de Course Andy Schleck zefridden iwwert de Platto vu Coureuren, deen dëst Joer um Depart vum Skoda Tour steet. D'Organisateure probéiere Joer fir Joer en ofwiesslungsräiche Parcours ze zeechnen an de Coureuren esou d'Méiglechkeet ze ginn, dem Public en interessant Course ze liwweren.
Dëst Joer ass och nees eng Lëtzebuerger Nationalekipp um Depart. Den Bob Jungels ass de Kapitän vun der jonker FSCL-Ekipp. Fir de Jempy Drucker ass et wichteg, datt déi jonk Coureuren iwwert déi ganz Saison gutt Resultater gemaach hunn a sech am Kontakt mat der World Tour gutt kënne weiderentwéckelen. Den Nationaltrainer gesäit op deene verschiddenen Etappen Méiglechkeeten, fir sech kënnen an Zeen ze setzen.