Wéi vill Organisatioun an Aarbecht stécht hannert dem Tour de Luxembourg?
Schonn zanter 1935 begeeschtert den Tour de Luxembourg d'Spectateure laanscht d'Stroosse vum Land.
Rieds ass vum Tour de Luxembourg. Ee vun de gréisste sportlechen Evenementer, déi all Joer hei am Land ofgehale ginn. Et stiechen haart Aarbecht an eng strukturéiert Organisatioun hannendrun, fir dass och näischt schif geet an déi grouss Vëlosekippen aus der ganzer Welt hei bei eis an de Grand-Duché op Besuch kommen.
RTL war e Mëttwoch virum Depart um Knuedler dobäi. No der Renovéierung vun der Stadhausplaz virun der Gemeng, kann elo nees do gestart ginn an et ass esou vill Plaz, dass d‘Busser vun den Ekippen elo och nach op de Knuedler kënne fueren. Ma net nëmmen dat ass e Comeback. Zanter méi wéi 10 Joer hat Lëtzebuerg keng Nationalekipp méi um Start. Dat huet sech bei dëser 84. Editioun vum Skoda Tour de Luxembourg geännert. De Bob Jungels féiert d‘Ekipp un. Nach bis de Sonndeg gëtt gefuer. Déi grouss Arrivée ass dann och nees an der Stad, dann awer um Lampertsbierg.