E Freideg stoung d'Kinneksetapp vu Rouspert op Dikrech mat de verschiddenste Montéeën um Programm. Et goung iwwer 201,3 Kilometer.

Op der 3. Etapp vum Tour de Luxembourg gouf et no hutt 200 Kilometer tëscht Rouspert an Dikrech eng Victoire fir de Belsch Mauri Vansevenant, dee sech en solitair konnt zu Dikrech behaapten. Mat der Victoire ass hien dann och neie Leader, dat virum Davide Formolo an dem Mathieu van der Poel. Beschte Lëtzebuerger ass de Mats Wenzel. Op der Etapp koum hien als 12. mam Spëtzegrupp un an am Generalklassement huet hien als 14. 54 Sekonne Retard op de Leader.

Skoda Tour de Luxembourg - 3. Etapp (Resumé)
No der Kinneksetapp gëtt et en neie Leader am General.

De Resumé vun der Etapp

Net manner wéi aacht Biergpräisser stoungen op dëser Kinneksetapp fir d‘Coureuren um Programm. Mam Plat de Résistance ronderëm Dikrech, wou et dräi Mol den Haemerich an zwee Mol d‘Seitert eropgaangen ass.
 
Mam Belsch Louis Vervaecke an dem Norweger Johannes Kulset haten zwee Coureuren et haut no 13 Kilometer an d‘Echappée gepackt. Am General hu béid Coureure virun dëser Etapp keng Roll gespillt. Si kruten eng maximal Avance vu gutt 6 Minutten zougesprach.
 
Eng 66 Kilometer vun der Arrivée ewech gouf et mam Fransous Bastien Tronchon an dem Eriträer Amanuel Ghebreigzabhier aus dem Peloton eraus eng Konterattack. Den Tronchon war geféierlech fir de Maillot Jaune Mathieu van der Poel. Hien hat just 16 Sekonne Retard op de Weltmeeschter.
 
Uewen "Um Knupp" zu Wolz war d‘Avance fir d‘Echappée schonn op 2 Minutten op de Peloton zeréckgaangen. D‘Konterattack gouf op eng Minutt pointéiert. No der Knupp konnt den Verwaecke sech eleng ofsetzen. Hannendru ass d‘Konterattack op de Kulset opgefuer.
 
Aus dem héijen Norden, ass et Richtung Dikrech erofgaangen. An hei ass et nees zum Regruppement un der Spëtzt komm, wou se dunn zu Véier waren.
 
Bei der Entrée op de Schlusscircuit zu Dikrech eng 30 Kilometer virun der Arrivée louch d‘Avance vun der Echappée bei just nach enger Minutt. Kuerz drop gouf d‘Echappée vum Peloton agefaangen.
 
Um ganz schwéieren Tour ronderëm d‘Ieselsstad, gouf de Maillot Jaune Mathieu van der Poel ëmmer nees attackéiert. De Weltmeeschter hat keen Equipieren méi u senger Säit. Fir den Hollänner war et praktesch onméiglech, d‘Course nach ze kontrolléieren. An der Schlussphas war och de Bob Jungels an de Mats Wenzel ganz aktiv.
 
Déi decisiv Attack war déi vum Belsch Mauri Vansevenant an dem Italieener Davide Formolo. An der leschter Montée vum Haemerich, huet de Vasevenant dunn nees attackéiert an huet d‘Etapp virum Formolo gewonnen an ass elo och neie Leader vun der Course. No der Course gouf den Davide Formolo nodréiglech disqualifizéiert.

Echappée vs. Poursuivant: De leschte Kilometer vun der Kinneksetapp
Zu Dikrech huet sech de Mauri Vansevenant duerchgesat a sech och de Giele Maillot geséchert.

De Replay vun der Etapp fannt Dir um RTL Play.

D'Reaktiounen

D'Reaktiounen no der 3. Etapp
Am Interview ënnert anerem de Mauri Vansevenant, Gewënner vun der Etapp, grad ewéi de Mats Wenzel, de Bob Jungels an Mathieu van der Poel.

D'Klassement vun der 3. Etapp

1 VANSEVENANT Mauri Soudal Quick-Step 4:53:34
2 VAN DER POEL Mathieu Alpecin - Deceuninck 0:41
3  HIRSCHI Marc UAE Team Emirates ,,
4 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
5 LEMMEN Bart Team Visma | Lease a Bike ,,
6 PRODHOMME Nicolas Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
7 KRON Andreas Lotto Dstny ,,
8 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike ,,
9 AYUSO Juan UAE Team Emirates ,,
10 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious ,,
...
11 WENZEL Mats Luxembourg 0:41
38 JUNGELS Bob Luxembourg 2:35
41 WALLENBORN Arno Luxembourg 2:52
60 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 9:42
65 KIRSCH Alex Lidl - Trek 10:33
69 URY Noé Luxembourg 15:40
79KESS Alexandre Luxembourg 15:40
91 KOCKELMANN Mathieu Luxembourg 22:01
 
Den Arthur Kluckers huet wärend der Etapp missten opginn.

D'Generalklassement no der 3. Etapp

1 VANSEVENANT Mauri Soudal Quick-Step 12:21:16
2 VAN DER POEL MathieuAlpecin - Deceuninck 0:34
3 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates 0:49
4 KRON Andreas Lotto Dstny 0:50
5 SWEENY Harry EF Education - EasyPost 0:53
6 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 0:54
7 PIGANZOLI Davide Team Polti Kometa ,,
8 LEMMEN Bart Team Visma | Lease a Bike ,,
9 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike ,,
10 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
...
13 WENZEL Mats Luxembourg 0:54
34  JUNGELS Bob Luxembourg 2:47
46  GENIETS Kevin Groupama - FDJ 9:55
53  WALLENBORN Arno Luxembourg 11:13
64 KIRSCH Alex Lidl - Trek 18:54
76 URY Noé Luxembourg 26:31
90 KESS Alexandre Luxembourg 33:41
94 KOCKELMANN Mathieu Luxembourg 41:17