Si war en Donneschde jo op der Cyclissem-WM an der Schwäiz wärend enger Course am Bësch gefall an hat sech schlëmm um Kapp blesséiert.

Den Dout vun der 18 Joer aler Cyclistin Muriel Furrer no hirer Chute op der WM suergt fir vill Froen.Wéi genee et dozou koum, gouf bis elo net kommunizéiert, och ass net kloer, wéi séier medezinesch Hëllef do war.

Aenzeien erzielen, de Rettungshelikopter wier eréischt eng Stonn nom Accident do gewiescht. An dat, obwuel de Vëlo mat engem Transponder ekipéiert war, sou dasse een déi jonk Fra séier hätt misse fannen.