D'Belsch gewënnt am Sprint virun der Chloé Dygert an der Elisa Longo Borghini. Bei den U23 geet den Titel un d'Puck Pieterse. D'Christine Majerus gëtt 44.

D'Lotte Kopecky gewënnt d'Course no 154 Kilometer vun Uster op Zürech a schreift sech als insgesamt 64. Weltmeeschterin an de Palmarès vun der UCI an. Si hat virun 2 Wochen och d'Europameeschterschaft gewonnen.

Op engem hiwwelege Parcours, dee véier Mol gefuer gouf, huet d'Wieder, wéi déi lescht Deeg, net matgespillt. Am Schloree vun Zürech haten d'Fuererinnen ze kämpfen. Zum Enn vun der Course gouf d'Wieder besser, mee de Makadamm war nach ëmmer rutscheg.

D'Justine Ghekiere, d'Riejanne Markus, d'Marianne Vos an d'Ruby Roseman-Gannon si mat enger Avance vun enger knapper Minutt op déi lescht Ronn gaangen. Ënner anerem d'Lotte Kopecky an d'Demi Vollering hu sech aus der zweeter Grupp lues a lues erugeschafft an haten 20 Kilometer viru Schluss den Uschloss gepackt.

Eng Grupp vu véier Fuererinne mat Kopecky, Vollering, Liane Lippert a Longo Borghini goung zesummen op déi lescht 7 Kilometer. Vun hanne koumen d'Chloé Dygert an d'Ruby Roseman-Gannon nees erun, soudass et zu 6 op de leschte Kilometer goung. An engem kuerze Sprint huet sech dunn d'Lotte Kopecky virun der Amerikanerin Dygert an der Italieenerin Longo Borghini behaapt.

Op hirer leschter Weltmeeschterschaft ass d'Christine Majerus 44. ginn. Si hat sech an der Mëtt vun der Course an eng Echappée mat néng Fuererinne gewot, dës gouf awer no enger Rei Kilometer nees vum Peloton agefaangen. Uschléissend ass si hannen am Feld gefuer.

D'Nina Berton ass virum drëtte Passage vun der Zillinn aus dem Peloton gefall a gouf 71.

D'Fuererinnen aus der U23 hu sech gréisstendeels am Peloton opgehalen an hunn der Elite d'Echappéeën iwwerlooss. Den Titel goung un d'Hollännerin Puck Pieterse. D'Plazen 2 an 3 ware fir d'Neve Bradbury aus Australien an déi Däitsch Antonia Niedermaier.

D'Marie Schreiber huet sech bis an d'Mëtt vun der Course am Peloton opgehalen an ass bei hire Konkurrentinnen ëm den U23-Titel bliwwen. Virum drëtte Passage vun der Zillinn huet d'Schreiber den Uschloss un d'Spëtzt verluer a koum och net méi zeréck. D'Lëtzebuerger Nowuesstalent ass d'Course net méi op en Enn gefuer.

D'Klassement vun der Gesamtcourse

1 KOPECKY Lotte 4:05:26
2 DYGERT Chloé 0:00
3 LONGO BORGHINI Ellisa 0:00
4 LIPPERT Liane 0:00
5 VOLLERING Demi 0:00
...
44 MAJERUS Christine 11:01
71 BERTON Nina 21:05

D'Klassement vun den U23

1 PIETERSE Puck 4:08:26
2 BRADBURY Neve 0:00
3 NIEDERMAIER Antonia 0:00
...
DNF SCHREIBER Marie