Zoe Bäckstedt feiert éischt Victoire bei de Profien

© AFP (Archiv)
Op der éischter Etapp vun der Simac Ladies Tour stoung een Zäitfueren iwwer 10 Kilometer um Programm.
D'Zoe Bäckstedt huet an Holland den Optakt vun der 26. Simac Ladies Tour gewonnen. Fir déi 20 Joer al Brittin ass et déi éischt Victoire bei de Profien. Si huet d'Top-Favoritinnen deels däitlech hannert sech gelooss.
D'Bächstedt huet zu Gennep d'Zäitfueren iwwer 10 Kilometer mat enger Avance vu siwe Sekonne virun der Hollännerin Lieke Nooijen fir sech entscheet. Op déi drëtt Plaz ass mam Ellen van Dijk eng weider Hollännerin gefuer. Si hat och e Réckstand vu siwe Sekonnen.
Bei der Simac Ladies Tour ass mam Christine Majerus och eng Lëtzebuergerin um Depart. Si ass déi 44. op eng Minutt an dräi Sekonne ginn. Fir d'Christine Majerus ass et déi lescht Etappecourse an hirer Karriär. Si zitt no dëser Saison e Schlussstréch ënnert hir Karriär.
D'Klassement vun der 1. Etapp
1 BÄCKSTEDT Zoe Canyon//SRAM Racing 12.40,77
2 NOOIJEN Lieke Team Visma | Lease a Bike 0.07,15
3 VAN DIJK Ellen Lidl - Trek 0.07,31
4 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 0.10,55
5 SMULDERS Silke Liv AlUla Jayco 0.15,49
6 HENDERSON Anna Team Visma | Lease a Bike 0.23,43
7 MARKUS Riejanne Team Visma | Lease a Bike 0.28,27
8 SCHWEINBERGER Christina Fenix-Deceuninck 0.28,53
9 KOCH Franziska Team dsm-firmenich PostNL 0.30,80
10 DYGERT Chloé Canyon//SRAM Racing 0.33,10
...
44 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 1.03,24