Op der 2. Etapp vun der Simac Ladies Tour ass et e Mëttwoch iwwer 154,8 Kilometer vu Coevorden op Assen gaangen.

Um zweeten Dag vun der Etappecourse an Holland huet sech d'Lorena Wiebes am Massesprint d'Victoire geséchert. D'Europameeschterin a Coequipière vum Christine Majerus huet sech virum Elisa Balsamo an dem Charlotte Kool duerchgesat.

Laang hat eng Echappée den Toun uginn. D'Ekippe vun de Sprinterinnen hu si eréischt op de leschten 1.000 Meter agefaangen an et war zum Sprint komm.

Leaderin am General bleift d'Zoe Bäckstedt. Si huet eng Avance vu siwe Sekonnen op d'Lieke Nooijen an aacht Sekonnen op d'Ellen van Dijk,

D'Christine Majerus ass am Peloton als 51. iwwer d'Arrivée gefuer. Am General ass si déi 41. op eng Minutt a véier Sekonnen.

D'Klassement vun der Etapp

1 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 3:44:34
2 BALSAMO Elisa Lidl - Trek ,,
3 KOOL Charlotte Team dsm-firmenich PostNL ,,
4 VEENHOVEN Nienke Team Visma | Lease a Bike ,,
5 ANDERSEN Susanne Uno-X Mobility ,,
6 FORTIN Valentine Cofidis Women Team ,,
7 GILLESPIE Lara UAE Team ADQ ,,
8 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime ,,
9 DE CLERCQ Katrijn Lotto Dstny Ladies ,,
10 PATERNOSTER Letizia Liv AlUla Jayco ,,
...
51 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,

De General

1 BÄCKSTEDT Zoe Canyon//SRAM Racing 3:57:14
2 NOOIJEN Lieke Team Visma | Lease a Bike 0:07
3 VAN DIJK Ellen Lidl - Trek 0:08
4 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 0:11
5 SMULDERS Silke Liv AlUla Jayco 0:16
6 HENDERSON Anna Team Visma | Lease a Bike 0:24
7 MARKUS Riejanne Team Visma | Lease a Bike 0:29
8 SCHWEINBERGER Christina Fenix-Deceuninck ,,
9 KOCH Franziska Team dsm-firmenich PostNL 0:31
10 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 0:34
...
41 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 1:04