Lorena Wiebes feiert drëtte Succès, Plaz 27 fir d'Christine Majerus

© AFP
E Samschdeg ass et fir d'Cyclistinnen op der 5. Etapp vun der Simac Ladies Tour iwwer 140 Kilometer ronderëm Doetinchem an Holland gaangen.
Op der virleschter Etapp gouf et schonn déi drëtt Sprint-Victoire fir d'Lorena Wiebes bei dëser Editioun. D'Hollännerin konnt sech virum Elisa Balsamo an den Nienke Veenhoven behaapten.
D'Franziska Koch bleift iwwerdeems Leaderin am General, dat e puer Sekonne virum Zoe Bäckstedt an dem Lotte Kopecky.
D'Christine Majerus ass als 27. mat der selwechter Zäit wéi d'Wiebes iwwer d'Arrivée gefuer. Am General ass d'Lëtzebuergerin op Plaz 19 mat engem Retard vu weiderhin enger Minutt a 27 Sekonnen.
D'Klassement vun der Etapp
1 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 3:33:21
2 BALSAMO Elisa Lidl - Trek ,,
3 VEENHOVEN Nienke Team Visma | Lease a Bike ,,
4 PATERNOSTER Letizia Liv AlUla Jayco ,,
5 GILLESPIE Lara UAE Team ADQ ,,
6 WOLLASTON Ally AG Insurance - Soudal Team ,,
7 SCHWEINBERGER Christina Fenix-Deceuninck ,,
8 BARBIERI Rachele Team dsm-firmenich PostNL ,,
9 DE CLERCQ Katrijn Lotto Dstny Ladies ,,
10 BÄCKSTEDT Zoe Canyon//SRAM Racing ,,
...
27 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,
De General
1 KOCH Franziska Team dsm-firmenich PostNL 13:41:06
2 BÄCKSTEDT Zoe Canyon//SRAM Racing 0:05
3 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 0:08
4 VAN DIJK Ellen Lidl - Trek 0:13
5 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 0:15
6 SWINKELS Karlijn UAE Team ADQ 0:19
7 SMULDERS Silke Liv AlUla Jayco 0:21
8 MARKUS Femke Team SD Worx - Protime 0:24
9 BALSAMO Elisa Lidl - Trek 0:35
10 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek 0:41
...
19 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 1:27