Cyclocross-WMD'Lucinda Brand ass nei Weltmeeschterin, Plaz 10 fir d'Marie Schreiber

RTL Lëtzebuerg
Zu Hulst an Holland steet de Weekend d'Cyclocross-WM um Programm.
© DAVID PINTENS / BELGA MAG / BELGA VIA AFP

Um Samschdeg am Nomëtteg ass déi nei Cyclocross-Weltmeeschterin gesicht ginn. D’Hollännerin Lucinda Brand huet sech mat enger Zäit vu 49:16 Minutten den Titel geséchert a léist domat hir Landsfra Fem van Empel als Weltmeeschterin of. No 2021 ass et deen zweete WM-Titel fir d’Brand. Komplettéiert gouf de Podium vum Ceylin Del Carmen Alvarado (+0:27 Minutten) a vum Puck Pieterse (+0:51 Minutten) an domat vun zwou weideren Hollännerinnen. D’Marie Schreiber war dëst Joer och bei der Elite um Depart an huet et mat engem Retard vun 1:37 Minutten op eng staark 10. Plaz gepackt.

E Samschdeg de Moien hat d’Tschechin Barbora Bukovska sech den Titel an der Kategorie vun den U19-Damme geséchert, dat virun der Franséisin Lise Revol an hirer Landsfra Lucie Grohova.

Donieft war et bei den U23-Hären d’Victoire fir de Belsch Aaron Dockx, deen eng 20 Sekonne méi séier wéi den Aubin Sparfel an de Keije Solen war. Den 19 Joer jonke Lëtzebuerger Lennox Papi huet et hei mat engem Retard vu knapp 5 Minutte op déi 37. Plaz gepackt.

E Freideg war Lëtzebuerg zum Optakt vun der WM am Team-Relay op déi 10. Plaz komm.

Back to Top
CIM LOGO