Cyclocross WMLëtzebuerg op der zéngter Plaz am Team-Relay
E Freideg war zu Hulst an Holland den Optakt vun der Cyclocross-Weltmeeschterschaft, an déi hollännesch Relay-Ekipp konnt sech den éischten Titel sécheren.
Am Team-Relay koum Lëtzebuerg mam Loïc Bettendorf, Liv Wenzel, Ben Koenig, June Nothum, Lennox Papi a Marie Schreiber op déi zéngte Platz ënner 13 Natiounen.
Déi Lëtzebuerger Ekipp hat e Retard vun dräi Minutten an 18 Sekonnen op déi hollännesch Weltmeeschter. Um Podium stoungen och nach Italien an d‘Belsch.
Dem Nationaltrainer Jempy Drucker seng Impressioune vun der Plaz:
De Jempy Drucker vun der Cyclocross WM an Holland
Lëtzebuerg ass am Team-Relay op Plaz 10 ukomm. Dem Nationaltrainer Jempy Drucker seng Reaktioun vun der Plaz.
Kuckt hei d’Course am Replay: